RTL Lëtzebuerg sicht e Redakter fir säin Internetsite (CDD)
Fir e Congé de maternité mat Congé parental ze ersetzen, sicht RTL e Redakter (m/w), deen d'Equipe vun RTL.lu ee Joer laang verstäerkt.
Dir interesséiert Iech fir déi Lëtzebuerger Aktualitéit?Dir fannt Gefalen un der Lëtzebuerger Sprooch?
Dir sidd gären am Internet ënnerwee?
Dir hutt breet gefächert Interessien?
An Dir hutt Loscht, an enger jonker, dynamescher Equipe ze schaffen?
Da sidd Dir ënner Ëmstänn bei eis genee richteg!
RTL.lu sicht e Redakter (m/w), fir d'Internetredaktioun ee Joer laang ze renforcéieren. Zu den Aufgabe gehéieren ënner anerem Texter op Lëtzebuergesch redigéieren, News (Artikelen, Fotoen, Videoen) online setzen, Lieser-Commentairë validéieren a kucken, datt d'Sitten RTL.lu a 5minutes.lu ëmmer up to date sinn.
Aarbechtsplaz wier RTL um Kierchbierg. Bei den Aarbechtszäiten (40 Stonne pro Woch) géing eng gewësse Flexibilitéit erwaart resp. gebuede ginn. Idealen Zäitpunkt, fir unzefänken, wier den 1. Abrëll 2012. Den CDD géing goe bis den 31. Mäerz 2013.
Interesséiert?
Da schéckt oder mailt Är Lettre de motivation mat CV a Foto un:
RTL NewMedia
Joboffer
45, bd Pierre Frieden
L-1543 Luxembourg
E-Mail: jobnewmedia [at] rtl.lu

