Wie gëtt de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"?
Dir hutt proposéiert an elo kënnt Dir decidéieren. A gewannen! Ënnert all deene Leit, déi sech aloggen a matofstëmmen, verspille mir 1 iPhone 4S 16GB Blanc an 1 iPad 2 16 GB Blanc vu LUXGSM.Aus wäit iwwer 300 Proposen, déi mir vun Iech erageschéckt kruten, hu mir elo 25 real existéierend a méi oder wéineger bekannte Perséinlechkeeten ausgewielt, fir déi Dir elo stëmme kënnt. De Boxemännchen an d'Abriecher, déi 2011 anscheinend vill Opweises haten, hu mir awer net zeréckbehalen ;-)
Fir ze wielen: Loggt Iech w.e.g. mat Ärem VIP-Login op RTL.lu an, maacht Äre Choix an da kënnt Dir bis zu 6 Stëmme verginn. Zum Beispill 3 Stëmme fir Äre Favorit, 2 fir den Zweeten an 1 fir den Drëtten.
Wie bis den 31. Dezember (12h) déi meeschte Stëmme gesammelt huet, gëtt eise "Lëtzebuerger vum Joer 2011" a kritt d’Goldmedail, deen Zweete kritt Sëlwer, deen Drëtte Bronze. D’Resultat gi mir den 1. Januar 2012 bekannt – hei op RTL.LU!
Vill Spaass beim Ofstëmmen, bonne Chance beim Gewannen ...
... an elo scho schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch!
De Lëtzebuerger vum Joer 2011 - Voting
Aus deenen iwwer 300 Maile mat Proposen, déi mir vun Iech eragemailt kruten, hu mir Iech hei driwwer – an alphabetescher Reiefolleg – eng Selectioun vu 25 Lëtzebuerger Perséinlechkeete presentéiert. Am Prinzip sinn et déi, déi am dackste proposéiert goufen, mä mir hunn awer och gekuckt, datt z.B. déi eenzel Beräicher vun der Gesellschaft vertruede sinn. Natierlech waren dat net all d’Virschléi, mee fir iwwersiichtlech ze bleiwen, hu mir eis op 25 "Finaliste" beschränkt.
Wie matofstëmmt, huet - wéi gesot - d'Chance, een iPhone 4S oder een iPad 2 vu LUXGSM ze gewannen!
Fir awer och deene villen, déi en Numm proposéiert hunn, MERCI ze soen, hu mir ënnert hinnen all ee flotte Buch-Package verloust an dee geet un de Paul Rippinger vun Ënsber!
Lëtzebuerger vum Joer 2009 an 2010 war iwwregens den Andy Schleck, 2008 war et - an der éischter Online-Wiel op RTL.lu - de Jean-Claude Juncker.
