Bommeleeër: Ex-Geheimdéngscht-Chef attackéiert de R. Biever
RTL - 20.02.2012, 11:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.02.2012, 18:01 | 36 Commentaire(n)
Bommeleeër: An engem oppene Bréif un de Procureur général attackéiert de pensionnéierten Direkter vum Geheimdingscht de Robert Biever.

Op Nofro hin huet eis de Robert Biever matgedeelt, dass hien näischt an dësem Kontext géif soen.
An der Affär Bommeleeër hat d'DP an den zoustännege Chamberkommissiounen dem Robert Biever iwwer 50 Froe gestallt, an awer wéi et schéint net déi gewënschten Äntwerte kritt. Elo wëllen déi Liberal dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf déi nämmlecht Froe stellen am Kontext vun den Dysfunktionnementer, déi et bei der Enquête gouf


Äre Commentaire