"fairplay"

RTL - 29.06.2011, 08:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.06.2011, 14:30 | 2 Commentaire(n)

Auteur: Gibbes Bertolo

Fair Play – eng Astellung, déi een am Sport vun Ufank un soll praktizéieren. Mee wann een net dierf? De Gibbes Bertolo huet sech dës Gedanke gemaach ...
 
Ech war e Sonnden op Mamer Football kucken. Puren Zoufall. D’Coupefinalle vun de Scolairen. Hänke bliwwen vun deem Nomëtteg ass mer 1 Saz: «Looss e leien!» An den Terrain erageruff vun engem Trainer, well säi jonke Spiller, nodeems den Arbitter e Feeler géint e gepaff hat, där anerer Equipe de Ball wollt eriwwerschéissen, fir datt déi de Fräistouss kéinten ausféieren.

Mee dat geet dach net! Déi Grouss maachen dat dach och net! Deem aneren eventuell e klenge Virdeel verschafen, a selwer näischt dovunner hunn. De Géigner als Partner gesinn. Fair Play, mengen ech, nennt een dat. Oder Manéieren? Vläit och nach eng normal Reaktioun. Op alle Fall eppes, wat gutt deet a weist, datt och de gesonde Mënscheverstand ëmmer nach seng Plaz um grénge Wues huet. Mee deen huet an deem heite Fall, op Uerder vum Trainer, mussen ausgeschalt ginn. Net datt dat jonkt Nowuestalent nach op déi rit Bunn geréit. Also looss e leien! A këmmer dech net. Schued.

Fair Play war net gefrot, gouf esouguer ënnersot. An engem Scolaires-Match … Dat si jo schéin Aussiichten. Ech wees net, ob et nach Hoffung gëtt, mee vläit kann déi rau a knallhaart Männerfootballrealitéit dëser Deeg eppes vun den Damme léieren? Also datt mer eis gutt verstinn: Fair Play ass keng Fro vum Geschlecht. Frae sinn och net ëmmer Engelen. An och am Fraefootball gëtt mat allen Tricke geschafft. Mee vläit weist eis d’Fassong, wéi d’Meedercher de Football zelebréieren, nämlech mat Akzent op Taktik an Technik, a manner op Vitesse a Kierperasaz, datt et och anescht geet. Datt Football manner hektesch a méi jovial ka sinn, datt et ëmmer nach, och op enger grousser Weltmeeschterschaft grad ewéi an enger klenger Coupefinall, e Spill ass. Oder op d’mannst esou eriwwerkënnt.

Ech hoffen, datt dee Jong, deen e Sonnden de Ball huet misse leie loossen, dëser Deeg d’Geleeënheet huet, déi eng oder aner Partie vun der WM an Däitschland ze kucken. Datt en de Football nees vu senger attraktiver Säit kenneléiert. An datt en an Zukunft esou Aussoen vu sengem Trainer lénks leie léisst ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!