Léiwen Uli ...

RTL - 23.05.2012, 08:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 11:34 | 22 Commentaire(n)

Fir déi eng ass en e rout Duch, déi aner zéien den Hutt: de President vum FCB, Uli Hoeneß. De Gibbes Bertolo huet dem Uli e klenge Bréif geschriwwen ...

Auteur: Gibbes Bertolo

Léiwen Uli,

Du erlaabs, datt ech Dech einfach mol duzen. Och wann ech kee Frënd vun Dir an Dengem „Stern des Südens“ sinn. An och ni wäert ginn. Mä dat hues De net verdéngt. Ech hätt Der et ausnahmsweis mol eng Kéier vergonnt.

Du hues u sech jo alles erreecht, wat eng Sportlercarrière ze bidden huet: Europa- a Weltmeeschter mat nëmmen 22 Joer, mat 27 Joer dee jéngste Manager an der Bundesliga, President vum ëmmer nach populärste Futtballveräin an Däitschland. Du bass an der Zäit mol d’100 Meter an 11 Sekonne gelaf an hues ( dat kéint een de Leit och mol nees eng Kéier an Erënnerung ruffen, och wann et net an de Kontext passt ) 1982 mat vill Gléck e Fligerakzident iwwerlieft.

Mä ech ka mer virstellen, datt e Samschden, spéit am Owend, Däin Häerz an Deng Séil geblutt hunn. Et hätt d’Kréinung sollten, kéinten, jo misste ginn. D’Finale „dahoam“ an Denger Arena, mat Denge Leit, mat Denger grousser Léift. Et koum anescht. Um Enn gouf et iwwerhaapt keen Titel.

Ville Leit huet dat gutt gedoe bis an déi déck Zéif. Normal. An normalerweis hätt och ech nom leschten Eelefmeter gesot: Dat ass hinne gutt op der Panz! Déi Kéier allerdéngs huet et mer e bëssche Leed gedoen. Du hues mer Leed gedoen.  Well ech wosst, datt et Der géing vill wéi doen.

Du bass een, dee polariséiert a provozéiert, deen de Mond net hält, deen de Mond och dacks zimlech voll hëlt. Du sees Deng Meenung, deels der lénks a riets aus a vernenns och mol Journaliste Schëmmel a Bless. Mä Du bass eng trei Sau. Een, dee mat allem, wat en huet, fir säi Club schafft a lieft. An deem, bei all gesondem Egoismus, anerer, souguer Konkurrenten net Wurscht sinn.

Wat ass Der wuel duerch de Kapp gaangen, wéi Däi Schweini en net erakrut ? Hues De Dech selwer nees gesinn, 1976, wéi s De Däi Penalty an de Belgrader Himmel gedonnert hues ?

Deemools konnt keen Dech tréischten. Leschte Weekend wuel och net. Ech soen Der just: Léiwer een, deem säin Dram zerplatzt, ewéi een, deen sech säin Dram keeft. An deem Sënn ...

 a propos: »


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!