Gutt Holtz oder Carte Blanc(he)

RTL - 12.10.2010, 08:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.10.2010, 14:16 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Christiane Kremer
An? Hofft Dir och esou klammheemlech, datt Fussball-Lëtzebuerg sech den Owend kloer op d'Landkaart setzt an de Fransouse weist wou de Grand-Duché leit. Obwuel- datt et net wäit vu Metz ewech ass, dat wëssen se jo, soss hätten se de Match wuel net do organiséiert. Oder wollten se just de Compatrioten aus der Lorraine emol nees eemol 1 Klass-Fussball bidden- nodeems Metz jo aus der zweeter Divisioun net méi esou richteg erauskënnt. Obwuel 1 Klass war dat net bei der südafrikanescher Safari, wou d'Spiller wéi gebeetschte wëll Déieren dorëmmer gelaf sinn. Mee komm mir soen emol- deemools haten se e Blanc an hirer Kommunikatioun mam Trainer Domenech. Wéi gutt datt se dann elo direkt e Blanc op der Bänk hunn.

An deen huet net vill méi Erfahrung op der Plaz wéi säi lëtzebuerger Vis-à-vis.. Gutt Holz oder Carte blanche .. Nom Lëtzebuerger 0-0 géint Wäissrussland- géint déi Frankräich ëmmerhi verluer huet- däerf een als Lëtzebuerger dach emol dreemen.

An heemlech ganz heemlech geet dee Wonschdram jo iwwer dat sportlecht eraus.

Wat géife mer gär dem Här Marini nach emol eng kléng Lektioun a Geschicht ginn an ëm weise wou de roude Léif seng Zänn huet.. oder heemlech dem Här Sarkozy beweisen, datt mir gutt Europäer sinn an d'Grenze fir all Bierger aus der EU opmaachen.

Ben, ausser d'Grenze vum 16-Meter-Raum.

Jo de Match op St-Symphorien den Owend huet eng Dimensioun méi!

Dat eenzegt wat de Sport der Politik viraus huet- no 90 Minutte ginn sech d'Spiller d'Hand an tausche frëndschaftlech d'Trikoten. An der Politik ass dat méi schwéier. Do sinn d'Trikots an d'Schong deem engen oder aneren och gär eng Nummer ze grouss oder ze héich..

Mee elo soen ech léiwer näischt méi, net datt ech mech nach muss an de nächsten Deeg op engem franséische Radio entschëllegen.

Mee wa mer den Owend 3 Punkte kréie, maachen ech dat gär.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!