Den Tram bleift virleefeg am Schapp
RTL - 23.01.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.01.2012, 13:27 | 24 Commentaire(n)

Erënnert der Iech? Am Oktober 2007 kruten all Lëtzebuerger Haushalter eng faarweg Héichglanz-Broschür verdeelt - mam schéinen Titel "mobil 2020, Mobilitéit di beweegt".
Doranner goung Riets vu Moderniséierung, vu Gare Périphériques, vu Neibau-Strecken an vun dem ominéisen Tram léger an der Stad.
2006 - haten sech Regierung, d'Gemeng Lëtzebuerg an d'Chamber fir de Bau vun sou engem neien, Transportsystem ausgeschwat.
Gutt 15 Joer nodeems eng éischt Etude zu engem ähnleche Resultat komm war, sollt et also beim zweete Versuch klappen. De BTB, den eigentlech 2002 sollt rullen, hat jo bekanntlech no 1999 di schwarz-blo Koalitioun net iwwerlieft.
Eng Wal méi spéit sollt dann tatsächlech eng schwaarz-rout Regierung an d'Geschicht agoen als déi, mat deene meeschten nei gebaute Schinnekilometer zënter engem Joerhonnert.
Allerdéngs nuren um Pabeier.
Wéi d'Finanzkris och Lëtzebuerg erreecht huet, goufen dunn vun der Nofolgeregierung eng ganz Rei Projete vun der Prioritéitelëscht gestrach.
Op eemol huet et geheescht, och fir en Tram wäre kéng Suen do.
Ëmmerhinn: Bei de Klimadebatten a während de Sonndesrieden hunn d'Regierungsmembere versprach, um Tram festzehalen.
Zeréckstelle vum Tram wier nëmmen temporär an souwisou onvermeidlech, well fir d'éischt d'Nei Bréck misst moderniséiert ginn. Sou goufe mer vertréischt.
Mir sinn esouguer gewuer ginn, wéi d'Haisercher, an deene mer op den Tram solle waarden, wäerten ausgesinn.
Abee, mir wäerten nach laang waarde, well den Finanzminister elo - duerch d'Blumm - awer nees eng Kéier erklärt huet, datt den Tram nëmmen een vu ville Projeten ass, déi eis Gesellschaft sech wënscht.
Et fehle Crèchen, Schoulen, Kliniken, Altersheimer, Autobunnsspueren ... an en Tram. Mä dem Kleesche säi Sack packt dat net alles. Mir missten eben eise Wonschziedel zesummesträichen.
De Finanzminister, deen schéngt säi Choix scho längst gemaach ze hunn.
Wann et awer stëmmt, datt besonnesch d'Petrolspräisser den Index an d'Luucht dreiwen, firwat bekämpfe mer dann net di eigentlech Ursaach - also den héije Verbrauch vum Sprit, den eis erlaabt méi schnell bei de Stau ze kommen?
2020 war d'Ziel wéinstens ee Véierel vun den deegleche Verkéiersbewegungen op den ëffentlechen Transport ze verleeën.
Dat esouguer besser Wäerter a méi kuerzer Zäit erreecht kenne ginn, hunn aner Stied a Regiounen an Europa längst bewisen.
Den Trick: Si hunn einfach d'Angebot, oft a Form vun engem Tram, schlagaarteg verbessert. A schonns waren d'Cliente do.
Zu Lëtzebuerg waarde mer bis guer näischt méi geet, an d'Suën, déi emol do waren, an enger Monster-CO2-Wollek verpufft sinn.
Leider schénge mir e Finanzminister ze hunn, den net rechne kann.
Well all Joer, an dem eise Modal-Split net verbessert gëtt, ass ee verluerent Joer.
An dofir bezuele mir da mat boer Geld.
Wann et wierklech eng Ursaach gëtt fir Scholden ze maachen, dann ass dat fir Investitiounen, déi et um Enn erlabe Suen ze spueren.
An dozou gehéiert e performanten ëffentlechen Transportsystem.
Vum Positiven Effekt op d'Liewesqualitéit guer net ze schwätzen: Déi ass nämlech onbezuelbar.


Äre Commentaire