Ass de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell nohalteg?

RTL - 23.09.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.09.2011, 17:36 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Paul Estgen
Déi rezent Entwécklungen an der Wirtschaft wäerten och en Impakt ob déi Lëtzebuerger Wirtschaft hunn. Ass onsen Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell nohalteg? Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziologe am CEFIS.

No enger kuerzer Zäit vun Wirtschaftsopschwong, gesäit et am Moment rëm ganz no grousser Kris aus. Um Himmel vun den Finanzmäert sti schwaarz Wolleken, an et däerft net laang daueren, da mierken mer et och rëm zu Lëtzebuerg. Ons Lëtzebuerger Wirtschaftssituatioun ass jo staark ofhängeg vum Finanz- an Assürancensekteur.

Wat mech perséinlech am meeschten bedréckt, ass dass mir als Lëtzebuerger nach ëmmer drun gleewen, dass mir ob enger Insel liewen, wou et eng Art Wuelstandsgarantie gëtt.

Kee Mënsch ka sech richteg virstellen, dass mer vläicht enges Daags, och missten méi lues trëppelen oder dass mir rëm missten léieren, op verschiddenes ze verzichten. Ons politesch Féierung kapituléiert, dann, wann et drëms gëtt, fir dem Vollek iergendwellech schlecht Noriichten ze iwwerbréngen. Onpopulär Mesuren sinn nëmmen toleréiert wa se haaptsächlech keen Lëtzebuerger Bierger treffen. Aus de grousse Spuermoossnamen vun 2009 ass net vill iwwreg bliwwen; a wéi d’lescht Joer d’Wirtschaft rëm ugezunn huet, gouf och huerteg rëm eng kleng « Revalorisatioun » vun den Salairen vun den Staatsbedéngschteten decidéiert. Mir fueren einfach mol rëm weider, wéi mer dat gewinnt woren.

Fir mech ass de Moment do, fir d’Nohaltegkeetsfro am Beräich « Wirtschaft » ze stellen. An deem Kontext sollte mer kucke, wéi mer onse Wirtschaftsmodell, an domadder ons ganz Gesellschaft, ëmbauen kënnen, fir méi onofhängeg vun der Weltwirtschaft ze ginn. Onofhängegkeet verstinn ech natierlech hei als d’Kompetenz, fir en Deel vun onse Besoinen rëm kënne selwer ze erwirtschaften. Mir brauchen eng Lokaleconomie, déi et ons erlaabt, e groussen Deel vun onse Grondbedierfnesser ze befriddegen. Och musse mer ons iwwerleeë, wei mer kënne liewen a schaffen, wann d’Zäitalter vum Pëtrol eriwwer ass. Natierlech ginn et am Moment schonns ganz vill flott Initiativen an deem Beräich, déi och schonns haut beweisen, dass ee nohalteg liewe kann, ouni dass een rëm zeréck ob d’Beem misst klammen. Als Beispill zitéieren ech déi englesch Stiedchen « Totnes », wou sech d’Leit op de Wee gemaach hunn, fir hir lokal Realitéit ze änneren. « Towns in Transition » heeschen déi Uertschaften, déi aktiv hire Wirtschaftsmodell ëmbauen, a sech sou fir d’Zukunft fit maachen. 

Dëse bewosste Liewenswandel verlaangt awer niewent vill Wëllen och eng Portioun politesche Wäitbléck. Ee vun de politeschen Instrumenter soll do jo de Plan National du Développement Durable sinn. Positiv ass, dass d’Politik e Katalog opgestallt huet, mat verschiddenen Zieler. D’Analyse vun der Situatioun ass an deem Dokument ganz lucide, mä d’Léisungen, déi geduecht ginn, si weder innovativ, nach konkret. Et kënnt een net aus dem alen Denkmuster eraus, vun onendlechem Wuesstem an technescher Innovatioun. Fundamental a Fro Stellung vun onsem Liewensmodell gëtt et do net ze fannen. Sou bleift et dann och e bësse bei der Devis: Alles beim Alen, just e bësse méi gréng an der Ausféierung. Als Bierger spieren ech jiddefalls net, dass dat am Moment eng grouss Dynamik um Terrain géif ausléisen.

Dobäi denken ech dann rëm drun, dass et schued ass, dass mer haut, an der Zäit, wou et onser Lëtzebuerger Wirtschaft nach sou gutt geet, net méi an sou ee Gesellschaftsëmbau investéieren. Et ass schliisslech an deene gudden Zäiten, wou ee sollt déi Gesellschaft vun Muer opbauen. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!