«Indignez-vous!»
RTL - 03.10.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.10.2011, 09:39 | 24 Commentaire(n)

Ech war d’lescht Woch op Stengefort op de Camping. Net fir Tourismus ze maachen, wat zwar och ganz flott ka sinn, mä fir bei déi Flüchtlingen ze goen, déi zanter Ufank August do an zwee Zelter logéiert sinn. Do, wéi och zu Iechternach, an ewell zanter enger Woch och zu Miedernach an am Mëllerdall, sti grouss Zelter mat Feldbetter – ouni Heizung! – an deenen Dosenden an Dosende Famille mat Kanner wunnen. Si hunn näischt. Keng perséinlech Saachen, bis op e puer Plastikstute mat Kleeder, kee Geld. Si si Romen, fréier hätt een Zigeiner gesot, a si kommen aus Serbien a Mazedonien einfach mam Bus heihinner. Dat geet ouni Probleemer, well si brauche kee Visa méi. Zanter Ugangs dës Joers sinn iwwer 1.200 nei Demandeurs d’asile op Lëtzebuerg komm, dat sinn der dräimol esouvill ewéi virun 3 Joer op 12 Méint. D’Halschent vun deene si vum Balkan.
Déi Leit gi bei sech diskriminéiert, regelrecht kujenéiert, si hu keng Rechter, si gi vum Aarbechtsmaart ausgeschloss an hir Kanner kënnen net an d’Schoul goen. An an Europa gi se vun engem Land an dat anert gedriwwen, si se aus dem engen expulséiert, wei d’lescht Joer a Frankräich, da probéieren se hiert Gléck an engem aneren. Vill vun hinnen hu Gesondheetsproblemer, d’Kanner sinn dacks Analphabeten. A si wëlle soss näischt, wei a Rou liewen, eng besser Zukunft fir hir Kanner.
A mir sinn iwwerfuerdert, et gëtt keng Haiser, keng Foyeren, wou mer se kéinnte logéieren, esou laang wei hir Asylprozedur leeft.
Mech indignéiert dat! Net nëmmen, dass et nach ëmmer esou eng brutal Aarmut gëtt. Mä dass et net méiglech war, a politesch och net gewënscht, fir zanter där leschter grousser Flüchtlingswell, virun 10 Joer, e puer Haiser prett stoen ze hunn, wou ee Leit an Nout einfach kéint ophuelen. Ouni Luxus, mä mat Dignitéit.
An et indignéiert mech, dass mer et awer an där nämmlechter Zäit fäerdeg bruecht hunn, ee schniikfeinen Centre de rétention ze bauen, mat cuisine équipée a flottem Sportsraum, fir déi Leit, déi mer erëm wëllen ausweisen – wat, niewebäi bemierkt, bei de Leit aus Serbien a Mazedonie bestëmmt gläich geschitt.
Ouni wëllen den naive Guttmensch eraushänken ze loossen, ginn ech rosen, wann ech gesinn, dass och hei am Land Mënsche just eng «variable d’ajustement» ze si schéngen: Dass ee Betrieb wei Arcelor Mittal einfach esou Rodange a Schëffleng kann zoumaachen a 450 Leit an d’Cellule de reclassement schécken, fir anzwousch anescht méi bëlleg ze produzéieren. Dass bei Baufirmen wei der Socimmo e puer Honnert Leit hir Existenz geklaut kréien, trotz vollen Optragshefter, well hire Management e bësse vill gourmangzeg war an ze séier wollt wuessen.
Ech si revoltéiert, wann ech gesinn, wei eis Kanner drënner leiden, dass si an eng ongewëss Zukunft kucken, well se mengen, dat eenzegt Zil am Liewe misst sinn, vill Geld ze verdéngen an en décken Auto ze hunn. Ech fannen et schockant, wéivill vun hinne schonn an der Primärschoul einfach esou op Ritalin gesat ginn, fir an de System ze passen, an dat schéngt keen Thema ze sinn. Et ass och inakzeptabel, dass d'Schoul nach ëmmer déi sozial Ongerechtegkeeten aus deenen d'Kanner kommen reproduzéiert.
An d'Lescht vun de Grënn, fir sech ze wieren, wier nach laang. Mä am schlëmmste fannen ech, dass mer Schof gi sin. Dass mer dat alles akzeptéieren. Matt vollem Mo kämpft et sech anscheinend net gutt.
De Stéphane Hessel huet schonn e puer mol gekämpft. Säi Bichelchen, seng Altersweisheet hu vill Leit encouragéiert, et och ze maachen.

Äre Commentaire