Erzéiung: Aufgab fir d'Elteren an net fir d'Schoul
RTL - 12.03.2009, 16:18 - Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2009, 08:17

Auteur: Gilbert Pregno
Wéi virun engen 30 Joeren di éischt Foyer des Jouren opgaange sinn, war dat e grousst Diskussionsthema.
Fir di eng war et e Fortschrëtt: De Kanner hirt sozialt Verhale soll gefördert ginn an et kënnt e Fraen aus dem traditionelle Rollenverständniss befreien. Net nëmme Mamm an Hausfra, si sollten eng professionell Carrière maachen, e Schrack a Richtung Emanzipatioun.
Kritik ass et der dann och vill ginn: Et huet geheescht, dass näischt esou gutt wier ewéi d'Famill, ma virun allem enger gudder Mam. Esou wuel Kanner ewéi och Männer bräichten dat.
E puer Joren duerno hutt et abeemol geheescht, et soll d'Education précoce geschafe ginn: Kanner kënnten elo méi fréi ageschoult ginn. Dat war interessant! Et war keen pädagogescht Konzept do. Gemenge si mol opgefuerdert ginn d'Infrastrukturen ze schafen. Et war wuel dunn och séier kloer, dass eng europäesch Direktiv am Spill war, déi gefuerdert huet, dass fir dass d'Wiertschaft sollt weider wuessen, de Maart nei Aarbechtskräfte gebraucht huet: an dat sollten da Frae sinn, déi dann hu misse vun hiren Erzéiungsaufgaben befreit ginn.
Elo sin mer nach e Schrack weidergaangen: Kanner am schoulflichtegem Alter kenne mueres an d'Schoul bruecht an owes ofgeholl ginn. Gemengen an de Familjenministerium organiséieren eng Betreiung an deenen Zäiten, wou d'Kanner net an d'Schoul ginn.
Mat dem Aféiere vun de Chèque-Service entsteet elo nach eng nei Dynamik: Elteren hu Recht hir Kanner eng bestëmmten Zuel vu Stonne gratis an eng Betreiungsstrukur ze ginn, et ass riets, dass di prise en charge emol ganz gratis sollt sinn.
Dat alles ass natierlech bemierkenswäert: vill gëtt gemaach souwuel fir Kanner ewéi och fir Elteren. Ma ech wëll dann elo awer och nach en anere Standpunkt ausdrécken.
Ech sinn erschreckt iwwer di Zuel vun de Kanner, déi Verhalensproblemer hunn, déi di an Heemer sinn! Eltere bekloe sech: Kanner loosse sech net méi erzéien. Ech héieren d'Enseignanten an Erzéier erkläre wei den Alldag an hire Klassen oder Gruppen ausgesäit: si beschreiwen, dass et ëmmer méi onglécklech Kanner ginn. Déi ginn da bei Psychologen a Psychiateren geschéckt, kréien Therapie ugebueden oder och net, well et un Therapieplazen feelt. Zu Letzeburg verschreift en den Kanner vill, ganz vill Medikamenter.
Ech behaapten mol ganz king, dass et ville Kanner méi schlecht gëtt ewéi viru Joeren. Iwwert di Grënn déi matspillen, do kënnt en e puer Bicher schreiwen.
Nun, eppes stelle ech fest: dat ass, dass en als Elteren ëmmer méi Signaler kritt, dass Erzéiung eng Aufgab ass, di anerer kënnen iwwerhuelen. Fir et op de Punkt ze bréngen a fir dat an aller Kloerheet ze soen: dat ass awer falsch. Gutt equipéiert Betreiungstrukturen, oder och d'Schoul, si net an der Lag, die grondleeënd Bedürfnisser vun de Kanner ze erfëllen a kënnen och net an der Plaz vun den Elteren erzéien. Dat Grondbedürfniss, dat biologescht festgeluegt ass, gëtt an enger Institutioun nëmmen ergänzend erfëllt. ... an dass et dohier nach ëmmer primär un engem Papp an un enger Mamm ass, fir am Rahmen vun der Elternschaft dofir ze suergen, dass dat Bedurfniss erfëllt gëtt. Ouni eng Erzéiung, di op Bezéiung grënnt, verkümmeren Kanner.. A wann ech dat soen, sinn ech weder fraefeindlech, nach erzreaktionär, ech hunn näischt géingt di familienpolitesch Moossnamen.
Haut wësse mer méi ewéi je, wat e Kanner brauchen a wéi si et kenne kréien. Ech wollt dat einfach umellen, well et kënnt jo si, dass en dat mol vergësst.