De Sozialaarbechter

RTL - 22.02.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.02.2012, 14:54 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Jean Portante

Fir de Schrëftsteller Jean Portante ass de Schrëftsteller net ee Wuertkünstler, mä e Sozialaarbechter. Wat dat heescht, seet en ons a senger Carte Blanche. Erënnere mer drun, dass de Jean Portante, am Oktober vum leschte Joer mam nationale Literaturpräis Batty Weber ausgezeechent gouf.

Ech iwwerraschen vläit, wann ech a dëser éischter Carte Blanche soen, dass de Schrëftsteller ee Sozialaarbechter ass. E Sozialaarbechter deem säin Domaine d’Wuert ass. Gëtt et eppes méi soziales wéi d’Wuert? D’Wuert dat duerch d’Zäit gereest ass, an erlaabt huet, dass de Mënsch dat ass wat en ass, ee Wiesen dat all de Saachen di ronderëm him sinn en Numm ginn huet. Ass et net eng fantastesch Geschicht, dass op eemol, d’Welt, an alles wat an hir stécht, en Numm krut ?

Vu Generatioun zu Generatioun ass esou d’Geschicht vun der Mënschheet vum Wuert erfaasst ginn, a wann mer, als Mënsch, eng Identitéit hunn, dann ass et déi vum Wuert. Vum geschwaten an, zanter 6000 Joer, vum geschriwwene Wuert.

Wéi an engem Staffellaf duerch d’Zäit huet ee Mond dem anere Mond d’Wierder iwwerreecht, bis se bei eis ukomm sinn. An elo ass et un eis se weiderzeginn. Mä, wat mierke mer, wa mer se an de Mond huelen ? Déi meescht Wierder sinn no a no méi liicht ginn. Si hunn e gudden Deel vun hirem Inhalt verluer. Jordausendelaang goufe se mat Sënn opgefëllt, haut si se am Gaang eidel gemeet ze ginn.

An et ass grad dofir, fir ze verhënneren, dass d’Wierder hiert Gewiicht verléieren, dass de Schrëftsteller noutwenneger Weis e Sozialaarbechter gi muss. Seng Aarbecht besteet do dran, de Wierder hire Sënn ze schützen, an, firwat net, en ze verdéiwen. Doduerch gëtt en eng Zort Resistenzler géint all déi, déi sech um Eidelmaache vum Wuert bedeelegen.

Eent vun de Wierder, déi haut bal ganz eidel sinn, ass d’Wuert Kommunikatioun. E Wuert dat fir all dat stoe misst, wat mer gemeinsam hunn. Fir all dat wat mer eis matdeelen. Et  ass an deem Sënn een vun den wonnerbarsten Wierder vum mënschlechen Zesummeliewen. Et war dat, misst ech elo soen. Wat versti mer nämlech neierdéngs ënner Kommunikatioun?

Net wéi mer eis besser verstännegen a verstoen kënnen, mä wéi een e Message am Beschten awéckelt. Den Inhalt vu engem Buch, enger Zeitung, engem Film, engem politesche Programm ass zweetrangeg ginn. Vir d’éischt kënnt, fir d’Kommunikante vun haut, wéi een all dat séier verkafe kann. Wéi wann alles eng Wuer wär. Wat zielt ass net de Sënn, mä wat ronderëm ass, ee schéinen Deckel, eng flott Maquette, eng efficace Promotiounsstrategie. Sloganen statt Sënnvolles. Bref, eppes wat direkt ukënnt, an net vill Iwwerleeung brauch.

Duerch d’Kommunikatioun kommunikéiere mer ëmmer manner. Wann net méi de Sënn  zielt, mä d’Verpakung, da si mer awer och am Universum vun de Ligen. Duerch d’Kommunikatioun gëtt d’mënschlecht Zesummeliewen vun der Ligen regéiert. Eng Ligen déi haut an allen Domainen blitt an eis, duerch d’Kommunikatioun, als Wouerecht verkaaft gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!