56 Sekonne laang houfreg op ee lëtzebuergesche Politiker…
RTL - 04.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.05.2012, 10:32 | 12 Commentaire(n)

D‘Carte Blanche vun haut kënnt vum Laurent Loschetter, an dee wor: 56 Sekonne laang houfreg op ee lëtzebuergesche Politiker…
Et ass esou mat eise Politiker, dass se denken, si kéinte sech am Ausland a mat auslännesche Medien esou behuele wéi hei am Land. Dat ass awer leider net ëmmer de Fall.
Heiheem sinn eis Journalisten esou respektvoll, respektiv gewinnt oder carrément gezillt, eis Politiker net z’ënnerbriechen. Si waarde gedëlleg a maachen op d‘mannst esou wéi wann eng iwwerlaang a net plausibel Äntwert absolut géif Sënn maachen.
Ganz anescht ass et am Ausland wann eisen Ausseminister zwar vill Sympathie awer net vill Kredibilitéit an enger Kachsendung sammelt, oder wann eisen Éischte probéiert live op France2 Sportwitzer ze rappe wann et drëm geet eise Bankesystem ze verdeedegen.
Wei dacks sinn eis d‘Schudderen ausgaang, wa mer op engem auslännesche Media ee vun eiser Regierung héieren hunn, deen entweder besser gehat hätt an enger Sprooch ze schwätzen déi e maîtriséiert, säi Sujet mol am Viraus ze studéieren oder, dee carrément besser gehat hätt näischt ze soen.
Ëm sou méi iwwerrascht, a quasi euphoresch wor ech wou ech d’lescht Woch d’Madame Viviane Reding héieren hunn, an dat op FranceInfo, wat net grad en Underground-Media ass.
Et ass drëms gaang, dass d’Madame Reding, als Europäesche Kommissär vun der Justiz sech bei de Feierlechkeete vum Euro2012 an der Ukrain ofgemellt huet, an dat well d‘Demokratie am grousse Ganzen, an d’Julia Tymoshenko en particulier, dohanne relativ zollitt mat Féiss getrëppelt gëtt.
56 Sekonne laang, ouni dass iergendee Journalist och nëmmen op d’Iddi komm ass fir d’Madame Reding z’ënnerbriechen. An engem perfekte Franséisch, mat enger treffender Rhetorik an awer ouni Arroganz oder Iwwerhieflechkeet huet, ech zitéieren, „La commissaire européenne de la Justice, la Luxembourgeoise Viviane Reding“, e perfekte politesche Statement ofginn an eng Lanz gebrach fir gläichzäiteg d’Demokratie, Europa an de Fussball. Ouni Polemik oder iergendeng Ironie huet d’Kommissärin hir, an domat déi Europäesch Meenung pedagogesch explizéiert.
Dat sinn déi Momenter, wou ee frou ass gutt dobausse vertrueden ze ginn.
An et wor och schonn déi selwecht Madame, déi de Sarkozy deemools zeréckgepaff hat, wéi deen en Arrêté ënnerschriwwen hat fir sämtlech Romaen aus Frankräich zréck an hir Heemecht ze schécken.
Dobäi wor dësen Arrêté ganz einfach op enger presuméierter Rass baséiert, also rassistesch. Do wor et net vu Muttwëll, dass Europa duerch d‘Stëmm vun der bekanntste Lëtzebuerger Permanente gehouscht huet.
Et wor och déi selwecht Viviane, déi 2008 als Kommissär sämtlech Telekommunikatioun-Kartellen an den Eck gedriwwen hat, bis déi faméis Roamingskäschten erofgesat goufen.
Et freet ee sech ob mer esou Leit net gläich hei am Land wäerte brauchen an dem gëllenen Exil zu Bréissel net en Enn solle maachen...
Mäi Fazit wier: léiwer eng intelligent Muppeschnëss, wéi Hënn déi d’Bee net an d’Luucht kréien.


Äre Commentaire