Präiswäerte Wunnraum entsteet net vum selwen

RTL - 14.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.05.2012, 11:14 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Richard Graf

Ze deier Wunnengen - op kaaft oder gelount - waren och dëst Joer ee vun de Haaptsujeten an der Erklärung zur Lag vun der Natioun. De Premier huet e puer Liichtblécker genannt, eng richteg nei Politik ass awer net auszemaachen. E Kommentar vum woxx-Journalist Richard Graf.

"Es gilt nur das gesprochene Wort" - sou heescht et, wa mir als Journalisten e Virdrock vun enger Ried an de Grapp kréien, den eis d'Aarbecht méi liicht soll maachen.

Erlaabt mer dës gëlle Regel fir eemol net ganz ze respektéieren.

An senger jéngste Ried zur Lag vun der Natioun hat de Premier och e Passus iwwer déi dramatesch Wunnengssituatioun zu Lëtzebuerg agebaut.

Hien huet drop higewisen, datt de Staat deenen, déi all Mount e Loyer ze bezuelen hunn an net vill verdéngen, ënnert d'Äerm wëllt gräifen.

Als ee Beispill huet hien eng allengerzéiend Mamm mat zwee Kanner genannt, déi, bei engem Akommes vun 2.590 Euro, maximal 106 Euro de Mount als Zoulag géing kréien.

Am geschriwwenen Text dréckt de Premier de Wonsch aus, dat dëse "Mietszuschuss" net nees an der Folleg duerch eng Erhéijung vun de Loyeren opgesuckelt gëtt.

Déi Ausso feelt an der Ried virun der Chamber.

Elo kann ee vill doriwwer spekuléieren, firwat den Här Juncker de Saz aus senger Ried gestrach huet.

Aus Zäitgrënn? Wuel kaum.

Et si genuch stilistesch Floskelen a sengem Text, déi hätte kéinte gestrach ginn, ouni inhaltlech Punkten ewech ze loossen.

Et ass jo och bekannt, datt de leschte selwer deklaréierte Kommunist, wéi de Premier dat emol eng Kéier zum Ausdrock bruecht huet, duerchaus Spaass un Dialektik huet. Ouni Grond hätt hie wuel kaum op esou eng Remarque verzicht.

Wahrscheinlech ass him also kuerz viru senger Ried bewosst ginn, datt dat net nëmmen eng Kritik a Richtung Wunnraumbesëtzer gewiescht wier, mä och en Ageständnis fir eng falsch geduechte Politik.

Eng Politik, fir déi seng eege Partei säit Joerzéngten haaptverantwortlech ass.

Schonn 2004 hat de Jean-Claude Juncker den Desaster an der Wunnengspolitik zu sengem perséinlech gréissten Echec erkläert. Deemools sollt den Dossier zur Chefsaach ginn.

Elo wier also en zweete Mea Culpa fälleg gewiescht. Schliisslech huet et nach eng Kéier iwwert eng Legislaturperiod gebraucht, bis, zumindest um Pabeier, nei Impulser sollte geschafe ginn.

Datt et bis an d'Joer 2012 gedauert huet, fir datt zu Lëtzebuerg d'Iddi vun enger Zoulag fir Loyeren a Gesetzesform sollt gegoss ginn, ass jo wierklech méi wéi symptomatesch:

Bis elo gouf haaptsächlech dru geduecht, deenen, déi sech wollten en eegent Haischen oder eng Wunneng kafen, ënnert d'Äerm ze gräifen.

Eng Wunneng lounen, sou gouf gären argumentéiert, ass d'Ausnahmesituatioun; eng Aart Iwwerganksléisung fir déi Jonk, déi iergendwann alleguer e Prêt ophuelen an sech eppes Eegenes kafen.

Elo wou och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit a prekären Aarbechtsverhältnisser stinn an net wëssen, ob hir Zukunft hei heem oder soss anzwousch an der globaliséierter Welt läit, brauche mer vill méi ëffentlechen - an domadder spekulatiounsfräi finanzéierte - Miet-Wunnengsbau.

An den nächsten Deeg soll och déi nei national Gesellschaft fir Siedlungsentwécklung virgestallt ginn. Et bleift ze hoffen, datt si sech net nëmmen zum Zil setzt, ewéi vum Premier erkläert, nei Terrainen ze erschléissen, fir se bëlleg op de Maart ze geheien. Domadder gëtt d'Spekulatioun just an eng nächst Generatioun verréckelt.

Mir brauchen an Zukunft par contre e vill méi groussen ëffentlech geréierte Stock u Wunnenge fir ze lounen. Och wann d'Lobby vun de Wunnengs- a Baulandproprietären doranner eng onlauter Konkurrenz gesäit.

Eng Konkurrenz wier dat tatsächlech, awer eng gesond.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!