Geld
RTL - 18.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2012, 08:47 | 19 Commentaire(n)

D'Danielle Igniti, Presidentin vum Planning familial a Fraerechtlerin, schwätzt net wéi gewinnt iwwer gesellschaftspolitesch Reformen, mee iwwert dat Eenzegt, wat eis nach interesséiert: d’Geld.
Ech hunn et ëmmer als mäin Optrag gesinn iwwer gesellschaftspolitesch Themen a menger Carte blanche ze schwätzen. D’Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft, d’Roll vum Mann an der Famill, déi nei Liewenspartnerschaften, d’Rechter vun de Kanner, d’Rechter vun den Homosexuellen, d’Selbstbestëmmung, d’Laïzitéit, d’Gesetz iwwert d’Ofdreiwung, iwwert d’Scheedungsreform, iwwert d’häuslech Gewalt.
De Premierminister huet dës Themen a senger Ried zur Lag vun der Natioun net behandelt. Ech schléissen doraus, datt se net wichteg si fir d’Natioun. Anscheinend waart keen op all déi Gesetzer, déi schonn jorelaang an der Maach sinn. Alles dat brauch ee net!
Ech hunn dofir decidéiert iwwert dat Eenzegt ze schwätzen, wat mer anscheinend am meeschte brauchen, dat Eenzegt, wat eis wichteg schéint: D’Geld.
Money makes the world go round. Tu parles! Ronn geet guer näischt méi.
Deenen deenen et gutt geet, geet et net gutt genuch. Si wëllen der Allgemengheet näischt ofginn a maachen alles fir keng Steieren ze bezuelen. Déi, déi immens vill Geld hunn, wëllen es nach immens méi, an doduercher kréie si alles un d’Halen. Si spekuléieren eis alleguerten futti. Hir onendlech Gier no Fric huet eng Kris verursaacht, déi mer ner net méi an de Grëff kréien.
De sozialen Fortschrëtt, deen eis Elteren fir hir Kanner erbléckst haten, mat deem ass et eriwwer. Eng fest Aarbechtsplaz, en indexgebonnene Loun, eng 40-Stonnenwoch, verdéngtene Congé, eng éierbar Wunneng, eng gutt Liewensqualitéit, eng dezent Pensioun an engem Alter, wou een nach eppes ënnerhuele kann, bezuelbar Gesondheetssoinen, bezuelbar Studien, dat alles gëtt ofgebaut. An homeopatheschen Dose selbstverständlech, mee mat onschlagbaren Argumenter, lues awer sécher !
An dat alles, well der e puer ni genuch kréien.
Eisen Här ArcelorMittal ass beispillhaft fir dës Spezies vun oncirstellbare Räichen, déi nach wëlle méi räich ginn. Hien huet elo London en Olympiatuerm geschenkt fir 16 Milliounen €. En fait huet e sech e Monument gesat, mam Talent vum Anish Kapoor, den neien indeschen Leonardo da Vinci à la solde vum Stolmagnat an mat der Exploitatioun vun den Aarbechter, déi de Stol hirstellen an deenen elo den Chômage dreet. An Indien stierwen d’Leit an der Strooss, zu Florange muer, zu Schëffleng iwwermuer. Dem Mittal ass dat egal, hien huet keng sozial Oder. Hien bretzt sech virum dësem symbolträchtegen Konschtwierk, wat sech héich an de Himmel schrauft.
Eis Politiker kucken no. Och si brauche méi Geld, ëmmer méi Geld fir ëmmer méi deier Wahlkampagnen ze féieren, ëmmer méi deier Stroossen an ëmmer méi deier Gebaier ze bauen fir ëmmer méi giereg Entrepreneuren ze befriedegen. A selbstverständlech fir och ëmmer méi héich Léin ze bezuelen. Fir dat mir eis kënnen ëmmer méi deck Autoen kafen, Haiser, Tëleeën a Vakanzen bezuelen. Geld, Geld ass eist Liewen, mee wéi laang nach?

Äre Commentaire