Kultur a Kris

RTL - 21.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.05.2012, 07:53 | 9 Commentaire(n)

Auteur: Jo Kox
"Mir hunn an der Vergaangenheet probéiert, vill Standuertvirdeeler beieneen ze réckelen. D'Kultur an d'Kulturpolitik gehéieren ouni all Zweifel dozou. Déi, déi op der Kultur wëlle spueren – an där gëtt et vill – vergiesse ganz liicht, datt 6.300 Leit am Beräich vun der Kultur schaffen, 1,8% vun der aktiver Populatioun. Ët bleift och an dene nächste Joren e Budget, dee méi wéi 1% vun der gesamter Budgetsmass ausmécht.” Dës Wierder stamen aus der Ried vum Jean-Claude Juncker senger “Lag vun der Natioun” vun der leschter Woch.

 

Endlech!

Et huet 17 Joer gedauert bis d'Wuert “ Kultur” aus dem Mond vum Jean-Claude Juncker – am Kader vu senger Ried vun der “Lag vun der Natioun ” – eraus gerutscht ass. WOW! Iwwerzeegend huet et awer net geklongen, wéi hien matgedeelt huet, dass trotz Kris de Kulturbudget net gekierzt gëtt. Ouni grouss Leidenschaft. Ouni grouss Iwwerzeegungskraaft. D'Kultur ass eben net säi Lieblingsdomaine, mat dem hien no baussen optrompen kann oder wëll. Da scho léiwer säin Europa, wéi hien et kierzlech nees bei der Karlspräis-Verleihung zu Oochen alt rëm beschtens ënner Beweis gestallt huet.

Musse mir tatsächlech eng Finanzkris erliewen, fir dass onse Premier endlech mol een offiziellt Wuert iwwert d'Kultur verléiert?

Hien, den am 1. Kulturjoer 1995 un d'Spëtzt vun der Regierung koum; hien, ënnert dem sengem Mandat mir een 2. Kulturjoer 2007 gefeiert hunn ; d’Rockhal, de Mudam an d’Philharmonie gebaut gi sinn ; ganz kierzlech d’Weiche gestallt gi sinn, fir eng nei Staatsbibliothéik um Kierchbierg ze bauen, an demnächst de Musée Dräi Eechelen an de Waaserturm zu Diddleeng op ginn.

Ënnert dem Impuls vun senge verschiddene Regierungen ass sech fir méi Demokratiséierung an Accessibilitéit vun der Kultur agesat ginn, de Kulturpass ass agefouert ginn, d’Gratuitéit an de Muséeën fir Jugendlecher bis 21 a Studenten bis 26 Joer. Ënnert sengem Virsëtz si verschidden Reformen ëmgesat ginn: den Enseignement musical, d’Reform vun de staatleche Kulturinstituter, an esou weider. A net ze vergiessen, d’Efforten déi gemaach ginn vun den eenzelne Kulturinstitutiounen am Beräich vun de Jugend- an Kanneractivitéiten. Mat senger finanzieller Hëllef si regional Kulturzentren wéi Champignonen aus dem Bueden geschoss – opderschmelz zu Diddeleng, de Cube zu Maarnech, den Trifolion zu Iechternach oder de Kinneksbond zu Mamer, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen.

Lëtzebuerg ka stolz an houfreg sinn, wat um kulturellen Plang an deene leschten 17 Joer passéiert ass. Mir brauchen ons net ze schummen, au contraire.

Mä eben do läit d’Kromm an der Heck.

Wann ee verschidde Kommentaren a Meenunge liest a nolauschtert, da freet ee sech wierklech, a wéi engem Land ee lieft. Et kritt een nach ëmmer ze héieren, hei heem géif näischt lafen.

Um kulturelle Plang stieche mir net an enger finanzieller Kris, mee éischter an enger Identitéitskris.

Firwat identifizéiere sech ons “Forces vives de la nation” net mat onse Kulturschaffenden a Kulturinstitutiounen?

Firwat sinn ons politesch Acteuren net  massiv präsent op Vernissagen, Concerten a Festivaler?

An deene 17 Joer hunn ech net oft vun offizieller Säit héieren, “WOW! Déi Inszenéirung vum Frank Hoffmann huet mir gefall”, oder “WOW! Dat Buch vum Nico Helminger muss ee gelies hunn oder “Déi Ausstellung um Fëschmaart ass wierklech interessant” asw.

‘t ass ni ze spéit! Hoffen, dass et besser geet, kann een ëmmer.

Dofir ofschléissend nach ee puer Wieder, vun onsem Premier himself :  “D’Kultur huet eppes mam Image vum Land ze dinn. Nëmmen ee Land dat kulturell existéiert, nëmmen ee Land, dat a seng kulturell Identitéit an a seng kulturell Multidiverzitéit investéiert, ass attraktiv!”

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!