Päischten

RTL - 25.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 16:13 | 37 Commentaire(n)

Auteur: Georges Hellinghausen
Iwwermuer ass Päischten. Wat do gefeiert gëtt – dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Wat feiere mer Päischten? Päischte mengt, ob de klengsten dénominateur bruecht, dass dat Diesseitegt an dat vun déisäit, dat Transzendent, net radikal vunenaner getrennt sinn, mä dat eent an dat anert iwwergeet, nämlech dat Gëttlecht an d’Welt erastréimt. An – dass dat net ouni Konsequenze ka sinn, am allermannste fir d’Mënschen a fir d’Gesellschaft. Souwäit, esou gutt.

Deemools, um éischte Päischte virun 2000 Joer, hu Mënschen aus ville Vëlker, Stämm an Natiounen, déi fir e Meeting an déi antik Metropol Jerusalem komm waren, sech ob eemol ënner reliéise Virzeeche verstan a verbriddert. D’Bibel schwätzt vu Galiläer, Parther, Meder, Elamiter, Awunner vu Mesopotamien, Judäa a Kappadozien, vu Pontus a vun der Provënz Asien, vu Phrygien a Pamphylien, vun Ägypten a Lybien, vu Réimer, Judden, Kreter an Araber ... D’Fro ass: Sollt net och haut d’Relioun kënnen, wéi schonn esou oft an oft och net, Kitt sinn fir d’Mënschheet zesummenzeschweessen, eppes wat zesummeféiert a net ausenaner dividéiert – och iwwer reliéis Grenzen eraus? Relioun als facteur d’unité, d’intégration, de compréhension, de cohésion. A net nëmmen tëschend gleewege Mënschen – egal ob vun därselwechter oder aneren Observanzen –, mä doriwwer eraus och vun de reliéise Gemeinschaften eran an d’Gesellschaft, och eis Lëtzebuerger Gesellschaft. Jiddefalls ass dat d’Stoussriichtung vu Päischten, esou wéi d’Fest sech vu sech aus begräift. Dat ass den „esprit de Pentecôte“: dee vu Mënschen- a Vëlkerverstännegung! Den Déngscht um tissu social ass jiddefalls am reliéise Beräich net einfach nëmmen en à côté...

Dëser Deeg geet vill riets vum Hl. Willibrord – en Dënschdeg zu Iechternach, awer scho Päischtméindeg um Helperknapp, zu Wëlwerwoltz, zu Randschelt. An zu Kaunerëff op der Përmesknupp gëtt den Hl. Pirmin gefeiert, deen och an eise Géigenden evangeliséiert huet. Dass dës Impulser bis haut, no 13-14honnert Joer nach nowierken, ass erstaunlech. Dës longue durée, wat seet se äis? Dass an Europa d’kollektiv Mémoire net ouni de chrëschtleche Glaf denkbar ass. Dass de reliéis-kulturellen Input vun deemools, mat sengen onzielegen a räichhaltege Gestalten a Formen an der Geschicht (cf. Iechternach), am gesellschaftleche Liewen vun haut derwäert ass erhalen ze bleiwen, jo nei belieft a kultivéiert ze ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!