All d'Kaarten op den Dësch!

RTL - 11.06.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 16:12 | 39 Commentaire(n)

Auteur: Marc Glesener

Halsdorf, Krecké, Becca, Rollinger – dat sinn d'Haaptprotagonisten an der Geschicht ronderëm de geplangte Stadion zu Léiweng. Wat genee geschitt ass an ob et Onregelméissegkeete gi sinn, wëssen ënnert dem Stréch dës Leit eleng. Oder ass dat ganzt nëmmen eng Seefeblos, déi iergend eng Kéier platzt? Kee weess et. An dach gëtt et eng Affär. Quasi eng Staatsaffär. Zu Recht? Et ass Zäit, all d'Kaarten op den Dësch ze leeën, esou de Marc Glesener, Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort, a senger Carte blanche.

Es ass "gewulfft" ginn, sot de François Bausch d'lescht Woch bei der Pressekonferenz zum Dossier Wickreng/Léiweng. Vu Korruptioun an Erpressung ass Rieds gaangen, wéi de Grénge-Fraktiounschef zesumme mat dem DP-President Claude Meisch d'Journalisten gebrieft huet. Am Viséier si Ministeren, eng Bank, d'Spuerkeess, e Promoteur, de Flavio Becca, an doriwwer eraus e System, deen, esou deite Bausch a Meisch et un, net "selon les règles de l'art" fonctionnéiert soll hunn. Et giffe Beweiser ginn, a Form vun Zeienaussoen.

Dat alles sinn effektiv grave Virwërf. Dëst ass sech och de Regierungschef bewosst, deen dëse Mëttwoch an der Chamber Stellung bezéie wëllt. Eng spannend Geschicht deemno!

Elo zu deene Froen, déi sech an dëser Affär stellen, an déi ze beäntwere sinn:

Wiesentlech si folgend Punkten:

- Ass e private Promoteur vun de Ministeren Halsdorf an/oder Krecké ënner Drock gesat ginn?

- Krut dëse Mann nogeluet, seng Projetspläng an engem bestëmmte Sënn ofzeänneren?

- Sinn dem Entrepreneur méiglech Negativfolgen ugedrot ginn, wann hien net géif paréieren?

- Gouf et eng ministerlech Interventioun bei der Spuerkeess?

- Sinn, de Fall gesat et ass intervenéiert ginn, esou Schrëtt rechtens?

- Hu Verantwortlecher aus Politik a Wirtschaft privat an ëffentlech Interesse matenee vermëscht?

- Wa jo, sinn dat Faiten, déi eng juristesch, jo souguer eng strofrechtlech Dimensioun hunn?

- Si politesch Konsequenzen ubruet, jo esouguer néideg?

Wou all dës Froe beäntwert ginn, an enger Enquête-Kommissioun vum Parlament oder an de Lokaler vun der Justiz, ass am Endeffekt egal. Wichteg ass Transparenz. Virun allem, well et ëm d'Glafwierdegkeet geet. D'Politik, de ganze System sti gewëssermossen um Préifstand. "Hu mer keng aner Problemer?", kéint ee froen. Mä dat ass eigentlech déi falsch Fro. Well hei, am Dossier ronderëm de geplangte Futtballstadion, geet et leschten Enns ëm systemesch Froe mat engem deontologeschen a politesch-etheschen Hannergrond. Stëmmen d'Virwërf, muss eppes geschéien, musse politesch Konsequenze gezu ginn. Ass näischt hannendrun, och da misst eigentlech gehandelt ginn. Et ass definitiv un der Zäit, datt all d'Kaarten op den Dësch kommen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!