E Plaidoyer fir Mikro-Kreditter fir Entrepreneuren

RTL - 15.06.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.06.2012, 16:26 | 14 Commentaire(n)

Auteur: Marc Hostert
De Marc Hostert schafft op der Cour des Comptes Européenne,  ass President  vun der Fondatioun FUSE-Esprit d’ Entreprise an am Jury vun  der Emissioun “ Success Story “

Konsequenzen vun der aktueller Kris ginn net eleng doudeger opgefaangen, wéi mir an Zukunft Banken reguléieren an Europa gestallten mee och wei mer an eiser Gesellschaft, Sécherheet, Aarbecht an Entrepreneuriat definéieren. De Marc Hostert mat en puer Iwwerleeungen hei zou.

Et ass fir vill Leit bestëmmt e bëssen surrealistesch am räichen Lëtzebuerg Mikro-Kreditter fir jonk an manner jonk Entrepreneuren ze fuerderen. Jorelaang ass et eis gutt gaangen, grouss Investisseuren hunn Aarbechtsplazen geschaf. Haut ass dat ëmmer manner wouer. Dobäi feelt et an eiser moderner Gesellschaft net un Aarbecht; Aarbechten, fir déi kee sech bis elo intresséiert hutt, oder huet missten intresséieren. Vill vun dësen Aarbechten ginn net gemaach oder gi vun dem sougenanntenen informellen Secteur, dat heescht a Schwaarzaarbecht erbruecht.

E Mikro-Kredit ass, wéi d'Wuert et schonns seet, e Mini-Kredit tëschent 3.000 an 10.000 Euro, deen eng Persoun kritt ouni materiell Garantien mussen ze leschten. Dëse Kredit erlaabt et dem Mikro-Entrepreneur kleng Investissementer oder eng “Garantie locative” kënnen ze bezuelen a séier lass ze leeën. D’Aktivitéite vu Mikro-Entrepreneuren kënnen zum Beispill sinn, Knäpp an Tiretten un ze bitzen, Akafen ze goen fir eeler Leit , Garden Aarbechten ze maachen, Mikro-Franchisen  an aner kleng Aarbechten.

D’ Mikro-Kreditter si sécherlech net d'Léisung op all eis Problemer. Et gëtt awer Argumenter dëst Instrument och hei am Land, wéi dat a Frankräich, Portugal an an Italien scho geschitt ass, ze developpéieren:

Éischtens, Beschäftegung an der Industrie hëlt weider of an d'Chance vu wéineg oder net qualifizéierte Leit eng Plaz ze fannen, hëlt weider of.

Zweetens, Nofro un Déngschtleeschtungen, besonnesch déi u Service de Proximité” hëlt zou an dëst besonnesch an enger ëmmer méi “alternden” Gesellschaft

Drëttens, giff e Mikro-Kredit, qualifizéierte Leit, déi an der Aarbechtslosegkeet sinn an déi sech selbststänneg wëlle maachen eng Perspektiv ginn an et hinnen erméiglechen aus der Passivitéit eraus ze kommen

Véiertens , giff d’ Instrument vum Mikro-Kredit Persounen, déi ënnert der sougenannter Exklusioun bancaire leiden och eng selbststänneg Aktivitéit erméiglechen

A leschtens wär de Mikro-Kredit och en Instrument, datt d’ Integratioun vun auslännesche Matbierger kéint mat begleeden

Mikro-Kreditter kéinten deemno och am räichen Lëtzebuerg eppes bewegen. Leit kéimen nees an Aarbecht, nei Betriber kéinten entstoen an Aarbechtsplazen schafen. Mat engem Minimum u Geld a mat enger intelligenter Begleedung wär d’Aféierung vun dësem ökonomeschen Instrument op d'mannst e Versuch wäert!

 

 

(Follow me on Twitter and Facebook  at: @marchostert)

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!