Wéi gëtt ee Lëtzebuerger?

RTL - 13.07.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.07.2012, 08:49 | 46 Commentaire(n)

Auteur: Denis Scuto

De Justizminister François Biltgen huet d’lescht Woch annoncéiert, e wéilt en Débat iwwer d’Gesetz vun 2008 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit lancéieren, iert en et reforméiert. En huet an deem Zesummenhank op d’historesch Recherchë vum Denis Scuto zur Lëtzebuerger Nationalitéit verwisen. Dofir eng Carte blanche vum ernimmten Historiker zum annoncéierten Debat...

Als Historiker ass een engersäits ëmmer frou wann een dierf säi Wëssen an den Déngscht vun enger Associatioun oder enger Institutioun stellen, déi méi iwwer hir Vergaangenheet wëll gewuer ginn, an dësem Fall an den Déngscht vum Lëtzebuerger Staat, dee méi iwwer d’historesch Entwécklung vum Staatsbiergerschaftsrecht wëll wëssen an sech dovun eng besser Orientéierung par rapport zu den Defie vun haut a vu moar versprécht.

Anerersäits huet een als Historiker awer och gemëschte Gefiller, well eis Recherchen ëmmer nees an den Déngscht vun dëser oder därer Partei gesat kënne ginn, a virun allem well eppes ganz Wiesentleches fir eng wëssenschaftlech Approche riskéiert verluer ze goen: nämlech dass een als Chercheur Här bleift iwwer d’Froen, déi ee stellt an iwwer déi ee fuerscht.

Am Virfeld vum Debat iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit dee sech ukënnegt, wéilt ech dofir ee Froekomplex aus menge Recherchë presentéieren. Ech hu versicht ze weisen, wéi déi liberal an oppen Approche zur Nationalitéit aus dem 19. Jorhonnert an eng nationalistesch, a vu rassisteschen Theorie beaflosst, Approche am 20. Jorhonnert iwwergaangen ass.

Am 19. Jorhonnert hunn d’Politiker an d’Juristen hei am Land op d’Fro ‚Wéi gëtt ee Lëtzebuerger?’, ‚Ween ass Lëtzebuerger?’, genee wéi d’Eliten an allen aneren europäesche Länner op d’Fro ‚Wéi gëtt ee Fransous?’, ‚Wéi gëtt ee Preis?’ – no 1870 ‚Wéi gëtt een Däitschen?’ –‚Wéi gëtt ee Belsch?’ alleguer déi selwecht Äntwert ginn. Ob dat de Premier Consul Napoléon Bonaparte 1801 oder de franséischen Deputéierten Benoît-Champy 1851 oder de Lëtzebuerger Staatsminister Paul Eyschen am Joer 1877 woar. Wéi si fir Frankräich huet den Eyschen d’Meenung vertratt, dass wa Leit zu Lëtzebuerg gebuer sinn, respektiv sech permanent do néierloossen, dass se da lues a lues de Geescht, d’Gewunnechte vun deem Land iwwerhuelen an de facto zu Lëtzebuerger ginn, an d’Gesetz deem Rechnung muss droen, andeems et hinnen déi Nationalitéit offiziell gëtt. Am 19. Jorhonnert hat eigentlech all europäesche Staat dat selwecht Ziel, nämlech seng permanent Residenten zu Staatsbierger ze maachen.

Grad dofir huet de Paul Eyschen, wéi e gemierkt huet dass Lëtzebuerg net nëmmen en Auswanderungsland, mä och am gaange woar en Awanderungsland ze ginn, 1878 den double droit du sol agefouert: E Kand vun auslänneschen Eltere, déi selwer schonns zu Lëtzebuerg gebuer woaren, gouf automatesch Lëtzebuerger. Een double droit du sol, deen 1940 an der nationalisteschster Phase vun eiser Geschicht ofgeschaf – an 2008 nees agefouert – gouf.

Eréischt dat nationalistescht 20. Jorhonnert féiert eng Approche an, déi op rassisteschen Theorië baséiert. Ënnert dem Afloss vun abstrusen Iddien aus der Biologie an der „Rassenkunde“ – iwwer déi mer haut géife laachen wa mer net wéisste wéivill Leed se an den 30er Joren an am Krich, net nëmmen am Dritten Reich, ugeriicht hunn –, ënnert deem Afloss soen nationalistesch Kräften elo: ‚Ah nee, Lëtzebuerger sinn ass eng rassesch Eegenschaft, déi sech iwwer d’Blut, iwwer d’Hereditéit vermëttelt, dofir musse mer Naturaliséierunge vun Awanderer verhënneren, d’Lëtzebuerger Natioun muss „reng“ bleiwen’...

Déi Astellung fanne mer net nëmmen bei der Extrême-droite. D’ministeriell Commissioun, déi de Staatsminister Joseph Bech 1936 asetzt fir dat liberaalt Nationalitéitsgesetz ëmzepuchen, gëtt zum Beispill dat heiten Argument fir e. a. den double droit du sol ofzeschafen : „si les substances étrangères sont ajoutées en trop grande quantité, elles ne peuvent plus être assimilées.“ Déi Astellung lieft och nom Krich latent weider. An de 70er an 80er Joren warnen Politiker an Demographen, dass d’Lëtzebuerger am gaange wieren „auszestierwen“. Och wann een d’Wuert Rass net méi dierf gebrauchen, ass d’Grondlogik déi selwecht: Et gëtt esou gemaach wéi wa Lëtzebuerger sinn eng genetesch Eegenschaft wier, vun där déi Leit déi nei an d’Land kommen aus Prinzip ausgeschloss wieren.

Wéi déi rezentst Statistike weisen, wiisst d’Bevëlkerung vun eisem Land op eng rasant Aart a Weis, well och weiderhin ëmmer méi Leit heihinner kommen an aus Lëtzebuerg hiert neit Doheem maachen. Mär hunn an e puer Jorzéngten net nëmmen de 700.000-, mä mer bewegen eis a Richtung 1-Millioun-Awunner-Staat. Do wier et vläicht héich Zäit mat manifesten oder latente rassistesche Virstellungen zur Lëtzebuerger Nationalitéit ze briechen an zu der Grondfro aus dem 19. Jorhonnert zeréckzefannen: Wéi maache mer aus all de permanente Residente vun dësem Land Staatsbierger?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!