Donneschdeg, 02. September 2010

Carte Blanche

Mam Vëlo op d'Schaff

RTL - 10.07.2009, 09:39 - Fir d'lescht aktualiséiert: 16.10.2009, 08:18

Auteur: Denis Scuto

Wéi vill Anerer bedeelegt sech den Denis Scuto, an dësen Tour de France-Zäiten, un der Aktioun „Mam Vëlo op d'Schaff", déi den Transportministère dëst Joer nees an Zesummenaarbecht mat Partner wéi der CFL, dem Verkéiersverbond an der Lëtzebuerger Velosinitiativ organiséiert. Seng Erfahrungen hunn en zu dëser Carte blanche inspiréiert.

Permanent ginn d'Automobilisten jo laanscht d'Autobunne mat Affiche begléckt, déi hinne soe wéi se sech sollen oder net solle verhalen. Si sinn mol witzeg, mol grave, mol banal. Gutt gemengt meeschtens. Eng Affiche vum Emwelt- a vum Transportministär kréie mer suguer ëmmer nees zervéiert. Eis schéin Äerd ass ze gesinn mat enger Minuterie drop. D'Regierung léisst eis folgendes matdeelen: „Klimaschutz: Et läit an denger Hand. Géi ze Fouss. Huel de Vëlo. Huel de Bus. Änner deng Gewunnechten."

Vun Ufank un geet dëst Plakat mer zimmlech op de Wecker. Firwat, wëll ech un engem Beispill kloer maachen. Zënter dem 18. Mee bedeelegen ech mech mat e puer Kollegen a Kolleginnen vun der Uni un der Aktioun „Mam Vëlo op d'Schaff". Dat heescht op d'mannst 15 Mol tëschent dem 18. Mee an dem 24. Juli fueren ech mam Vëlo vu Lampech op Walfer an zeréck. 26 km dohin a 26 km zeréck iwer d'Stad. En Deel kann een och mam ëffentlechen Transport maachen, an anere Wierder mam Zuch, well mam Vëlo an de Bus klammen ass oft problematesch.

Ech hu versicht e Wee ze fannen mat esouvill wéi méiglech Velosweeër. Mee ech muss awer, oft am Berufsverkéier, verschidde Stroosse benotzen, déi Automobilisten als Schläichweeër benotzen: vu Lampech op Ehleng, vum Schléiwenhaff zu Leideleng bis bei d'Hollerecher Kiirch, iirt ech bei der Dexia-Bil an d'Péitrus ka fueren, vu Beggen iwer d'Kromm Längten op Walfer. Ech si generft an d'Autofuerer wuel och. Den éischten Dag hunn ech en Zebrasträife benotzt fir een onméiglechen Traficpunkt ze ëmgoen. Mam Resultat dass e Moto d'Camionette, déi mer d'Vue verspoart huet, iwwerholl huet a mäi viischt Rad gesträift a (glécklecherweis juste) mäi Guidon verbéit huet. „Ça va?" sot en an ass weidergefuer.

Den Zuch huelen mam Velo klappt do scho besser. D'CFL-Schaffner si ganz hëllefsbereet, wëssen awer selwer, dass d'Wagonen net equipéiert sinn fir méi wéi e Grapp voll Cyclisten mat Vëlo opzehuelen, resp. verschidde Waggoen nach guer net equipéiert sinn. Esou munch Trap hunn ech scho missen am Zuch mat mengem Drotiesel blockéieren.

D'Plakat iwer de Klimaschutz geet mer op de Wecker, well e wichtegen Hiweis feelt. Do misst stoen: Géi ze Fouss. Huel de Vëlo. Huel de Bus. An dann: Mär Regierungsmemberen, Gemengen- a Schäfferéit, mär Décideuren a privaten a staatleche Betriiber änneren och eis Gewunnechten a mär huele Mesuren, dass Cyclisten a gudde Konditiounen a virun allem a Sécherheet kënnen op hir Oarbechtsplaz fueren. Mär setzen elo endlech ëm wat mer schonn 10 Joer verspriechen: Mär bannen déi lokal Réseaue vu Vëlospisten un déi National un. Mär schafen an all Gemeng (net nëmmen zu Esch an an der Stad) en zesummenhängenden Réseau vu Vëlospisten. Mär ernennen e Koordinateur um nationale Plang, deen dofir suergt dass déi verschidden Acteuren Transportministère, Travaux publics, Ponts et chaussées, Tourisme, Santé, Education nationale Infrastrukture schafen oder veränneren, fir dass dem Vëlo eng Plaz gi gëtt an net nëmmen e puer Strécher um Macadam.

En attendant, dass mer déi Mesuren am nächste Koalitiounsprogramm erëmfannen, wënsche mer all politesche Responsablen am Land eng schéi Vokanz. Maacht et do wéi mär: Gitt ze Fouss. Huelt de Velo. Ännert är Gewunnechten.



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
16. Jul 08:00  Province de Luxembourg u Lëtzebuerg?!
14. Jul 07:50  Mir wënschen e schéine 14 juillet
12. Jul 08:00  Eng aner Kompetitivitéit
9. Jul 07:50  Tragesch Liewensleef bei Kanner a Familljen
7. Jul 08:00  Equipegeescht
5. Jul 07:50  Sport a Politik oder Politik a Sport?
2. Jul 07:04  Lëtzebuerger Fräidenkerbond
30. Jun 09:18  Eng spezifesch WM-Mémoire
29. Jun 07:50  Sondage iwwer den Index
28. Jun 07:50  E Stéck manner Demokratie ...
25. Jun 07:50  E Kadaster vum Räichtum géng Transparenz bréngen
21. Jun 07:50  Virspan
18. Jun 07:50  Back to basics
14. Jun 07:50  Fotoen aus der Sënnestad
11. Jun 08:00  Mir wënsche Südafrika alles Gudds op sengem grousse Fest
9. Jun 08:00  BP-Fiasko: Aus der Katastroph léieren an ëmdenken!
7. Jun 08:10  Endlech gëtt Kloertext geschwat
4. Jun 08:00  By the Rivers of Babylone
2. Jun 07:50  Ofdreiwung: Gesetz veränneren, awer net esou!
31. Mee 07:50  Bekämpfung vun der Aarmut
28. Mee 07:50  Iwwer d'Schwieregkeet, Wëssenschaft auszestellen
26. Mee 07:50  Marathon. Mythesch 42,195 km.
21. Mee 07:50  Wat kënnt no dem "Etat de la Nation"?
19. Mee 07:50  Grenziwwerschreidend sozial Météo
17. Mee 07:50  Méi verstänneg bauen
14. Mee 07:50  Freud(e)
12. Mee 07:50  Fatima
10. Mee 07:50  Kompetitivitéit
7. Mee 07:50  En onofhängege Kontrolleur vun dem Prisong
3. Mee 07:50  Fraen: Net u Selbstbestëmmung interesséiert?
30. Abr 07:50  D'Leit dobaussen
28. Abr 07:50  History is back
26. Abr 07:50  Erkläert eis et!
23. Abr 07:50  Bal-Regierungskris
21. Abr 07:50  Ass nach e Pilot am Fliger?
19. Abr 07:50  D'Kritik hëlt net of...
16. Abr 07:50  Nohaltegkeet: Wou kënnt dat hir?
14. Abr 07:50  Kierch soll fir e radikaalt Emdenken an der Kierch antrieden
12. Abr 07:50  De Jean-Claude Juncker an d'ASTI
9. Abr 07:50  Lëtzebuerg ass keng Insel
7. Abr 07:50  Den Abus vun Hotlines
6. Abr 07:50  Keng Burkaen op Internetforen
2. Abr 07:50  Wou kënnt Ouschterdag hir?
31. Mär 07:50  Paritéit tëscht Mann a Fra
26. Mär 07:50  Wéi laang kënne mir eis dës Regierung nach leeschten?
24. Mär 07:50  Venite adoremus … o Jesulein zart
22. Mär 07:50  Et steet an de Stären !
19. Mär 07:50  Konsequenze vun eisem Handel: Aarmut "made in Luxembourg"
17. Mär 07:50  Tripartite.lu
15. Mär 07:50  Eise politesche System

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

IPaper
Coplaning
Coplaning