Mir hu verstanen: D’Ofdreiwung bleift en Delikt!
RTL - 27.01.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2010, 10:18 | 42 Commentaire(n)

Et lauschtert een dat ouni vill Begeeschterung, well ee sech näischt Groussaarteges erwaart. Eng Erweiderung vun der Indikatioun, keen obligatoreschen Accord parental fir mannerjähreg Meedercher méi an eng Consultatioun déi de Fraen eng chance op Informatioun an eng konkret Hëllef ka bréngen. Et ass alles wat dran ass mat dëser Koalitioun, seet ee sech a versicht ee consensuel ze bleiwen.
Mee wann een da konfrontéiert gëtt mat der Armséilegkeet vun der Argumentatioun, mat der onmoossescher Hypokrisie a mat dem Bild vun der Fra wat hei ënnerschwelleg suggeréiert gëtt, da weess een dass dëst näischt – guer näischt mat Fortschrëtt ze dinn huet.
De Schwangerschaftsofbroch ass keng Method vu Familienplannung, verséchert de Minister. Weem seet en dat? Berouegt sech selwer oder beschwört en d’Integristen aus senger politescher Famill. Mengt hie wierklech d’Frae géifen elo am Plaz d’Pëll ze huelen, léiwer all 9 Méint ofdreiwen? Wees hien iwwerhaapt vu wat hie schwätzt, huet hien sech informéiert, eppes gelies, geschwat mat Fraen déi am Fall waren? Wees hie wat et heescht op seng Regel laueren, net schlofen, ziddere wann de Verdikt vum Schwangerschaftstest fällt? Wees hie wéi et engem ass, wann een eng Decisioun hëlt déi engem säi ganzt Liewe beaflosst, an wann ee fäert et wär net déi richteg?
Mir bleiwen am Strofrecht, verkünt hien dann a weist mam Fanger. Mir hu verstanen: D’Ofdreiwung bleift en Delikt. D’Scholdfro fir d’Frae muss bestoe bleiwen. D’Männer, déi bis op weideres nach ëmmer aktiv dobäi si wann d'Kanner gemaach ginn, gewollt oder ongewollt, brauche sech keng Gedanken ze maachen. De Problem bleift de Fraen hiren. D’Demarche maachen, frieme Leit hir Intimitéit präisginn, op Froen äntwerten, d’Course géint d’Zäit gewannen an d’ganz Verantwortung droen, dat geet net duer. D’Frae mussen och nach schëlleg sinn, well se net am Stand sinn opzepassen. Si mussen e schlecht Gewëssen hunn, well se an deene 40 Joer oder 10.080 Deeg an deenen se fruchtbar sinn a musse verhidden, emol vergiess hunn, schwaach waren oder krank.
D’Frae ginn higestallt ewéi gehirlos Wiesen déi nëmmen drop laueren dat de Schwangerschaftsofbroch legaliséiert gëtt, fir dann drop lass ze avortéieren. Dobäi weisen international Statistiken dat an deene Länner mat de liberalste Gesetzen déi mannsten Ofdreiwunge sinn. D'Detabouiséierung vun der Sexualitéit an d'Selbstbestëmmung ass anscheinend méi efficace ewéi Priedegten.
De selwechten Dag war och an der Chamber riets iwwert de Festungsmusée. Ech menge mir hätte kee gebraucht, well mer hu schonn ee mat der Chamber an der Regierung, mat e puer Monumenter vun ewiggestrigem Denken, onbestiirmbar, festgefriess an hire Prejugeën an an der Iwerzeegung, dat Fraen net ewéi Männer iwwert hiert eegent Liewe kënnen entscheeden, mat Verstand a Verantwortungsgefill ouni dat Dokteren, Riichter a Politiker matschwätzen.


Äre Commentaire