Fraen: Net u Selbstbestëmmung interesséiert?

RTL - 03.05.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2010, 18:26 | 9 Commentaire(n)

Auteur: Danielle Igniti
An hirer Carte blanche kënnt d'Danielle Igniti nach emol zréck op déi vun der Regierung virgeschloen Ännerunge vum Gesetz iwwert de Schwangesschaftsofbroch a freet sech, ob d'Fraen da wirklech dës Bevormundung acceptéieren an op se iwwerhaat gelauschtert gi si vun de verantwortleche Politiker.

Ech kommen nach emol zeréck op d'Propositioun vun der Regierung, fir de Code pénal iwwer de Schwangerschaftsofbrooch ëmzeänneren.

Et ass vielläicht net de Moment, well d'Leit all op deen Optrëtt vum Premier op der Volleksbühn waarden – Index or not Index –, an eppes, wat fir déi meescht jo just eng Fraegeschicht ass, am Moment als Niewesaach ëmfonnt gëtt.

Well awer net just Suen an den Index an eisem Liewe wichteg sinn, well mer ouni Mënscherechter an Dignitéit mat de Suen an dem Index net vill kënnen ufänken, wëll ech nach emol eng Lanz brieche fir d'Fraen an hir Selbstbestëmmung.

Ech fille mech zwar e bësse verlooss, zumools vun deene Politikerinnen, déi sech ëmmer als Fraerechtlerinne geout hunn an déi haut verdächteg roueg sinn. Och vun deenen, déi ech eigentlech als modern a selbstbewosst Fraen ageschätzt hunn an déi trotz hiren éischter konservativen Iwwerzeegungen hiert Liewe gestalten, ouni irgendeen ëm Erlaabnis ze froen.

Ech weess, d'Frae sinn net aleng zoustänneg, och hir männlech Kollege kinnte sech e bësse méi aktivéieren, zumools déi, déi sech an de Wahlkampagnen als progressiv a gläichstellungsfrëndlech duerstellen. Mee vun de Fraen hat ech mer, elo wou et ëm Fundamentales geet, alt erëm ganz naïv e bësse méi Solidaritéit erwaart. Vielläicht ass et hinnen all egal, wat mat eis geschitt oder hir politisch Spiller si méi wichteg wéi eis Gesondheet?

Well et ass skandaléis, datt elo d'Regierung de Fraen eng zweet an obligatoresch Consultatioun imposéiert. Si verkeeft dës Verschlechterung dann och nach ganz onverschämt als eng Hëllef fir d'Fraen. Si beweist domat, datt se net vill Vertrauen an d'Fraen huet. Hirer Meenung no kënnen d'Frae keng schwéier Decisiounen eleng treffen. Dach, pardon, fir schwanger ze ginn an e Kand ze kréien, do brauche se keen ze froen. Fir hire Kierper ze verkafen an der Strooss och net. Fir ausgenotzt ze ginn, schamlos, als Schwaarzaarbechterinnen oder am Stot, och net.

D'Regierung behaapt, fir d'Wuel vun de Fraen ze handelen.

Déi selwecht, déi elo just wollten de Congé parental verkierzen, déi, déi elo scho Joerzingte kee Rentesplitting op d'Rei kritt hunn, vun der Sozialofsécherung vu den Hausfraen net ze schwätzen.

Ech konnt schwéier novollzéien, datt d'Frae sech dës Bevormundung ouni Protest gefale loossen. Ech hunn entretemps, wéinst eiser Petitioun, vill Frae begéint an effektiv festgestallt, datt ganz vill Fraen, vun allen Borden, net d'accord si mat dëser Ëmännerung vum Gesetz, net appréciéieren, datt se net fir voll geholl ginn, net normal fannen, datt kee sech fir hir Probleemer vu sexueller an reproduktiver Gesondheet interesséiert huet an datt op eemol jiddere wëllt matschwätzen an décidéieren, wat si ze maachen hunn.

Et stellt ee fest, datt eis regierend Volleksvertrieder vergiessen, hir Basis ze konsultéieren a sech keng Zäit huelen, fir de Léit nozelauschteren, déi se vertriede sollen.

Esou ewéi bei de Spuermoossnahmen gëtt selbstherrlech iwwert d'Käpp ewechverfügt.

Leider hunn déi meecht Fraen net de Courage, fir eng Petitioun ze ënnerschreiwen. Wou solle se en och hir huelen? Virbiller vun Zivilcourage a konsequentem Asaz fir Rechter a Selbstbestëmmung ginn et net vill an eisem Land.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!