E Patron huet sech där Deeg beschwéiert – och bei der Press- datt sech eigentlech just Gedanke gemaach ginn iweer d‘Verdeele vum Kuch an net iwer d’Manéier, wéi de Kuch zustane kënnt. De Mann kann ee verstoen: Natierlech muss och iwwer d’Betriber geschwat ginn, déi sech all Méi ginn,
Mir liewen an engem Paradies!
E Mëttwoch also geet et lass: d’Tripartite fänkt un. De Premier Jean-Claude Juncker hat an de leschte Méint doriwwer net vill gesot – hien hat sech dat esou virgeholl – huet dunn awer ee memorable Saz gesot an huet doranner Lëtzebuerg als Paradies etikettéiert. Et war ee vun deene ...
Mir rutschen an d'Barbarei!
Lëtzebuerg, mäi Land, Europa, meng Heemecht…, dat ass de Slogan un der europäescher Iddi. An de Guy Kaiser fäert, datt mir am gaange sinn, eis an d’Barbarei ze mannövréieren… An der europäescher Kommissioun zirkuléiert en Dokument, dat weist, wéi déif Bureaukraten an hirem Denke ...
Same procedure as every year
Wéi d'Tripartite zejoert virun de Parlamentswahlen eriwwer war, sot den deemolegen Aarbechtsminister François Biltgen: mir sinn an enger spezieller Situatioun: mir sinn an der Kris, a mir wëssen net, wéi se ausgeet. An dat ass och haut ëmmer nach wouer. Deemools gouf gefaart, den Hierscht ...
Gedanken iwwert den neie Gremium
Wann et an engem Betrib „x“ zu engem harcèlement sexuel kënnt, dann ass net de Betrib responsabel, ma déi betraffe Persoun. An der Kierch ass et net aneschters, mam Ënnerscheed, datt et sech ëm eng Institutioun handelt, ëm déi Institutioun, déi eis déi lescht zwee Joerdausenden ...
Genuch mat de Verboter!
Wann een op emol doheem zu Dräi ass an net méi zu Zwee, dann ass dat schon eng Ëmstellung. Dee Klenge mécht Freed, mä, wann een hien ëss e bësselche midd ass, kann een hien net einfach an d'Vitrine vum Salonssschaf stellen. Papp a Mamm ginn allen zwee schaffen a si hunn zwou Aarbechten: déi,
Rietspopulist ass net gläich Rietsradikal
Et ass nach laang net esou, datt sech hannert jidderengem, deen, wéi zum Beispill elo an Holland, Rietspopulisten wielt, ee Rietsradikalen verstoppt. Et sollt een Walgewënner ewéi de Rietspopulist Geert Wilders net iwweräifreg a liichtfankeg als elektoralen Kollateralschued bezeechnen a ...
Gemengenagenten
De Gesetzprojet iwwert d'Erweiderung vun den Aufgaben a Rechter vun de Gemengenagenten (vulgo Pecherten) ass de Januar vum Staatsrot ausenaner geholl a domadder bis op weideres aus der Course geholl ginn. Déi eng Politiker soen de Projet wier elo neméi ze reaniméieren, déi aner mengen dach. ...
Et ass ze roueg
Déi ablecklech politesch Situatioun erënnert mech un eng spezifesch, ma grad esou regelméisseg Zeen aus de Wild West –Filmer: den John Wayne seet, et ass roueg, dat gefällt mir net, a scho kënnt den éischte Fitschefeil geflunn. No esou vill Rou kommen d’Indianer vun de Beem gefall. Rou ...
Ech sinn e gudde Chauffeur
„De Lëtzebuerger ass déck zefridde mat sech selwer“! Dat ass d'Resultat vun enger Ëmfro fir de Grupp Axa. 80 Prozent vun eis soen: ech sinn e gudde Chauffeur hanner dem Volant. 8 vun 10 géingen sech also korrekt am Verkéier behuelen. Dobäi, esou gouf festgestallt, fueren och 8 vun 10 ...
D’Gëlle Fra flitt op Shanghai
"Wéi kann hien nëmmen", war mäin éischte Gedanken, wéi et an der Chamber den Tour gemat huet, de Robert Goebbels géing mat der Hëllef vu Sponsoren d’Gëlle Fra mat op Shanghai huelen. Wéi kann hien nëmmen, well ech – ech weess net firwat – direkt gericht hunn, wat dat fir en ...
Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.