Den Tour de France ass dout

RTL - 06.02.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.02.2012, 12:57 | 12 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf

Nee, nee,  dat do mécht awer och iwwerhaapt keng Freed, am Februar 2012 gewuer ze ginn, wien den Tour de France 2010 gewonn huet.

Fir mech hat den Andy den Tour 2010 esou wéi sou gewonn, well en hat e jo mat genee deem Retard verluer, deen e kritt hat, wéi seng Kette gesprongen ass a wéi de Contador dunn ugerappt hat. E sportleche Skandal fir sech, mä wéinstens e sportlechen.

De medizineschen kënnt uewendrop. An deen ass vill méi schlëmm, och dowéinst well et keen Auswee gouf. Dem Contador den Tour net ofzehuelen, wier e Skandal gewiescht, hien annerhallef Joer nom Tour ze disqualifizéieren ass och e Skandal – en décalage, dee komplett geckeg ass.

Mir hunn haut esou gelästert an der Redaktioun: deen ee sot, den Tour gewënns De ëmmer nëmmen op Sursis, deen anere sot, hoffentlech huet de Contador dee Maillot jaune propper an heiansdo gewäsch, deen drëtte sot, muss de Grand-Duc dann elo mam Andy op d’ Champs Elysées, e véierte sot, mer hunn e mam Doping-Fuddler Riis gewonn, an de 5. sot, elo hu mer den Tour ouni de Flav an ouni de Lux gewonn. An esou weider a Merci Kollegen, datt ech Äerch hei zitéieren däerf.  An ech sot, elo mussen all déi Vëlos-Bicher, bergauf bergab mit Andy, déi mussen elo ëmgeschriwwe ginn.

Et ass alles falsch an dat ass esou batter.

An der Liichtathletik hunn se den Doping e bësse besser an de Grëff kritt. Déi grouss Doping-Zäite mam Hummer, mam Speer, mam Diskus an am Kugelstoussen schéngen eriwwer ze sinn.

Datt de Contador elo datselwecht gefrupst hat, ewéi weiland d’Sprinterin Katrin Krabbe - Clenbuterol, fir d’ Kaalwer ze mäschten, dat ass eng Ironie, eng Kallefzegkeet fir sech.

Den Tour de France ass elo ridicule, also dout, e misst apaken, misst, soe mer, op d’mannst 5 Joer laang Paus maachen fir sech ze schummen, a se missten entretemps probéieren, dee Milieu propper ze kréien, coûte que coûte, an dann erëm ganz kleng ufänken mat der petite reine.

A vergiess den Andy.

An an de Lycéeën gëtt vun 3e bis 1e all 4 Wochen eng Dissertatioun geschriwwen mam Titel: „Wen wünsch ich mir als Nationalheld?

Und warum?“


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!