CSV Kongress
RTL - 22.03.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.03.2011, 16:27 | 16 Commentaire(n)

Et geet nämlech alles uerdentlech erof, dat fänkt schonn am Parking un. Schick gekleeten Häre bréngen hir schick gekleeten Damme mat op de Kongress oder och ëmgedréint, also d'Dammen hir Hären egal. Et ass ee groussen Dag wëll si ginn all bei déi Grouss vun der CSV a bei dee ganz groussen, de Jean-Claude Juncker.
Deen ass natierlech net op senger Plaz wann de Kongress ufänkt, kënnt bësse méi spéit an .....bëssen Enttäuschung d’Leit stinn net direkt op a klappe mä puer vun de Ministere kréien awer d’Hand gedréckt an déi déi ganz vill Chance hunn iwwert de Kapp gestréilt.
Den Ex-Fraktiounschef hat den Trick och eraus. Hie koum och méi spéit an de Lullu krut e puer Minutten Applaus. Tjo et muss ee goe fir appreciéiert ze ginn.....och bei der CSV.
An de Rieden net vill Extraes. Ofdreiwung schéngt den Ament kee Sujet am Land wëll dat Wuert ass eng eenzeg Kéier um Kongress gefall.
Ah dach eng Iwwerraschung gouf et awer : Normalerweis op Kongresser attackéieren d’Oppositiounsparteien d’Regierung an ëmgedréint. Hei huet d’LSAP es an alle Riede vum grousse Koalitiounspartner kritt. D’Retourkutsch dierft dann ee Sonndeg um Kongress vun de Sozialiste kommen.
An du koum en.........de Superstar an e war gutt a Form de Jean-Claude Juncker. Eng kritesch, zum Deel ganz Eescht mä awer och witzeg Ried.
Ajo de Scoop vum Samschdeg dann awer: De Jean-Claude Juncker huet säi Récktrëtt ugekënnegt.......an eppes méi wéi 8 Joer. Dee Moment hätt hien nämlech als Staatsminister d'Halschent vun deem verdéngt wat den Deutsche Bank Chef Ackermann, dee Banker vum Joer gouf, an engem Joer verdéngt. Also bleift de Jean-Claude Juncker nach ronn 8 Joer Staatsminister.
Schlecht Zäiten deemno fir DP, Déi Gréng an och fir d'LSAP an och de Luc Frieden wäert geduecht hunn: E wäert dach net wëll bis dohinner sëtzen der nach puer an der Rei, déi d'Relève wëllen huelen. Et mierkt een awer och, dass fir de Jean-Claude Juncker an Europa net méi Alles just nach schéin a gutt ass. Merkel a Sarkozy sinn definitiv net dem Eurogruppe Chef seng beschte Frënn op dëser Welt.
Tjo an duerno gëtt dann um Kongress zesumme warem Ham giess a jidderee seet dem Mischi Wolter, dem neie Fraktiounschef Lucien Thiel an dem Chef Juncker nach eng Kéier wéi gutt dass se waren an dat war et da fir een CSV Kongress. Keng Wuertmeldungen, keng Kritik, keng Froen? Dës Partei schéngt Alles richteg ze maachen oder awer si huet hir Membere gutt ënner Kontroll.

Äre Commentaire