D’LSAP ass eng Kommunalpartei?

RTL - 29.03.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.03.2011, 19:19 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser
Firwat seet de sozialistesche Parteichef: d’LSAP ass eng Kommunalpartei? Ganz einfach: d’Sozialisten waren d’Gewënner an de leschte Gemengewahlen. Hir Partei ass a 26 vu 37 Proporzgemengen vertrueden, d’CSV just an 19.

Déi Orange-schwaarz spille léiwer den Enjeu vum 9. Oktober erof, déi Rout ginn an de Contraire. Si waren ee vun de grousse Verléierer an de leschte Parlamentswahlen a wëllen elo an der Kommunalpolitik zouschloen, souzesoen als Géigegewiicht géint den allmächtege Koalitiounspartner um Krautmaart.

An dat kinnt zu Spannunge féieren an enger ganzer Partie Südgemengen. Do hunn dacks d’Sozialisten d’Soen, d’CSV entweder an der Oppositioun oder an enger Koalitioun. Déi rout Bastiounen am Süden, ma och zu Mäertert an zu Wolz musse verdeedegt ginn.

Fir d’Sozialiste steet elo scho fest: d’Gemengewahlen ginn zum Test fir d’Regierungspolitik. Mä, ass dat wierklech esou: ass et de Leit an hirer Gemeng net éischter wichteg, wéi wäit oder wéi no de Bus stoe bleift, fir hir Kanner an d’Schoul ze féieren; wéi wäit oder wéi no Pëtrolsdepôte opgeriicht ginn? Huet net grad an der Gemeng den Nimby-Effekt een duebelt Gewiicht? A spillt net och grad an enger Gemeng d’Sympathie vum Politiker eng grouss Roll? E Mann, eng Fra, ëmmer e frëndlecht Laachen, an ëmmer do fir ze hëllefen? Wou bleift do d’Politik, heescht et, wann d’Kommunalpolitik sech eleng no Symp- oder Antipathie orientéiert?!

D’Fro kann och aneschters gestalt ginn: wat huet d’Reform vun der Fonction publique an der Gemengepolitik ze sichen? Eigentlech näischt. Déi nämmlecht Remarque gëllt fir d’Rentereform. Ma, wäert et iwwerhaapt méiglech sinn, dat eent vun deem aneren ze trennen?!

E Fonctionnaire ka grad esou gutt zu Esch wéi zu Schlënnermanescht d’Fauscht an der Täsch hunn, aus Roserei oder aus Frust op Reformen, déi him d’Zopp versalzen. Hie kann also hei ewéi do säi Kräiz ënner eng Partei maachen, déi u sech him seng net ass, ma et deet einfach gutt, den Déckkäpp um Krautmaart d’Stir ze weisen.

Bis ewell hunn d’Genossen sech gutt positionéiert; dat fällt eigentlech net schwéier, well d’CSV mat 38 Prozent vun de Stëmmen d’Schwéiergewiicht sinn an der Landespolitik. A ween esou schwéier ass, muss och d’Haaptlaascht vun de politeschen Decisiounen droen. An also riskéiert eng CSV méi bestrooft ze ginn ewéi de klenge Partner, dee souwisou vu sech behaapt, Politik mat Häerz ze maachen.

Esou gesinn ass den Asaz fir déi orange Gemengen am Land duerchaus grouss, et sief, de Wieler weess dat eent vum aneren ze trennen. Dat mécht hien den 9. Oktober hannert der Rideau a keen kann him an de Kapp kucken.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!