Affär Carlberg

RTL - 24.05.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2011, 17:50 | 3 Commentaire(n)

D’Universitéit wëll e Professer entloosse well deen – mengt de Conseil de Gouvernance – sech wuel net un déi néideg wëssenschaftlech Critère gehalen huet.

Auteur: Nico Graf
An och soss gëtt et an der Affär Carlberg vill oppe Froen. Et ass e symptomatesche Fall – mengt den Nico Graf a sengem Commentaire.

Wat mer den Ament materliewen, dat ass datt d’Land erwuesse gëtt. Oder erwuesse wëll ginn. D’Land wëll sinn oder muss sinn wéi all d’ Nopeschlänner. An dat heescht, z.B., datt mer eis Statistike musse ginn, well Bréissel se wëll. Dat heescht, datt mer eng Filmindustrie wëllen hunn, wa mer scho bal keng Stolindustrie méi hunn. An dat heescht, datt mer net nëmmen Cours universitaires wëllen hunn, wéi zu menger Zäit, mä mer wëllen eng richteg Uni an och nach eng mat Schwéierpunkt Recherche. Duerfir hu mer och e vertitable Rechercheminister, deen himself selwer Pub mécht fir d’Fuerschung.

Alles an der Rei wann alles an der Rei ass.

Just datt eben an der Bioinformatik näischt méi an der Rei ass. Intern eng miserabel Ambiance, zwou wëssenschaftlech Publikatiounen, déi hu missen zeréckgezu ginn, well Fehler dra sinn, 4 weider Publikatiounen mat possible problems – schreiwen déi auslännesch Experten, déi de Fall ënnersicht hunn – an e Proff, vun deem ee net weess, ob e méi a Finnland oder méi zu Lëtzebuerg schafft – an da maachen d’Experten sech och nach Suergen iwwer budgetären Duercherneen. A spéitstens do – Luxembourg for Finance – fänkt een dann hei am Land jo massiv un d’Oueren ze spëtzen. Wéi sinn Laboratoireskäschten mam EMBL, dem Europäeschen Molecular Biologie Laboratoire zu Heidelberg, ofgerechent ginn? A wien huet ofgerechent – d’Finnen, d’Lëtzebuerger oder d’Finnen op Lëtzebuerger Käschten?

Froen iwwer Froen.

Mä ofgesinn vum konkrete Fall gëtt et hei e puer Konstanten, déi net nëmmen dee Proff betreffen. Dat éischt wat opfält, dat ass, datt de Fall Carlberg an den Unis-Kresseer an an den international Science-Kreesser zanter Méint fir Gespréich an Opreegung gesuergt huet – et war e Stuerm an enger Labos-Pipette, de Kaméidi ass an engem Vase clos bliwwen an eréischt wéi de Proff sech als unhaltbar erausgestallt huet, eréischt dunn gouf et Fuite no baussen.
Dee Schema kann ee sech mierken fir aner Fäll.

Zweet Konstant awer ass, datt Lëtzebuerg dorëmmer akafe geet. Wa mer keng Kompetenz a keng international renomméiert Fachleit fir eppes hunn – wann eis e bestëmmten Unis-Prof feelt – da gi mer en akafen. Wéi een en Basketballspiller kafe geet an hofft, datt deen et bréngt. An d’Visitekaarte vum wëssenschaftleche Player dat sinn eben Diplomer a Publikatiounen. Ee vun der Uni sot mer, am Fall Carlberg hat dat um Pabeier fantastesch ausgesinn. Um Pabeier. An der Realitéit vun der wëssenschaftlecher Aarbecht war dunn alles manner roseg an de Proff krut elo schwaarz op wäiss, hie giff emol net alles verstoen a wëssen wat a sengem Laboratoire geschitt. Fir international renomméiert ze ginn keeft d’ Uni also Prestige a wann dat Gold, wat do kaaft ginn ass, nëmme Klenschegold ass – dat steet een eben blaméiert do – an, soe serieux Leit op der Uni, dat ass dat Schlëmmst wat eis geschéie kann, datt eisen Image eng Téitsch kritt. An den Image kritt elo Téitschen. An zwar net duerch d’Yello press (sic), wéi de Carlberg eis am Internet nennt, mä duerch dee Carlberg selwer, deen elo op den Internetsäiten vu retractionwatch, déi jonk Uni an d’ Land duerch den Dreck zitt, (Zitat): do geschitt ni eppes, duerfir hunn d’Zeitungen elo reagéiert an et gëtt Politiker, déi de Succès vun der Uni sabotéiere wéilten. Kuerz: e mécht sech et einfach.

Opgefall ass nach eppes anescht: de Fonds national de la Recherche  huet op senger Pressekonferenz en Donneschdeg ongefrot awer richtegerweis betount, seng Kontrollinstrumenter hätten am Fall Carlberg gegraff. Dat ass gutt esou an et misst e Virbild sinn fir aner Fongen an Institutiounen. Well wann ee mat Fric Kompetenz an Zelebritéiten akafe geet, da riskéiert een, datt Leit engagéiert ginn, déi hiert Geld net wäert sinn a budgetär kreativ aktiv ginn.  Fir et emol léif ze soen.

Et gëtt keen Doute: Lëtzebuerg ass attraktiv fir gewëtzte Leit, déi en Don dofir hunn, de Steierzueler an d’Fongen ze sträichen, wéi een dat am Koustall eben esou mécht. Datt also an Zukunft Fuddeler oder och Gangster kommen, dat ass nëmme normal. Mä wéi d’Kontrollen am Land fonctionnéieren – dat ass déi kruzial Fro.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!