D'Gemengewahlen an 5 Méint
RTL - 26.05.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.05.2011, 02:00 | 6 Commentaire(n)

Loosse mer de Point de départ an der Haaptstat huelen.
Et ass d’Héichbuerg vun der DP, geet déi verluer, ass d’Partei net méi wäit ewech vum definitiven Zerfall. Dobäi ass unzehuelen, datt si wäert souwisou Plomme loossen. Dat 11. Mandat viru 6 Joer war e Reschtsëtz, dee sécher net ze halen ass; derbäi kënnt, datt déi Dammen Colette Flesch an Anne Brasseur net méi mat an d’Course ginn, och net de Jean-Paul Rippinger, deen d’Partei verlooss huet an als Onofhängegen siegéiert.
Dëse Sëtz geet méi ewéi sécher eriwwer bei déi Gréng, déi zwar der Gemeng net grad den ekologesche Stempel opgedroen hunn, ma déi e Parcours sans faute hannerluecht hunn an déi mat Fukushima an op Sympathie am Vollek däerfe rechnen.
D’ADR- sollt si iwwerhaapt eng Lëscht zustane bréngen, wäert ouni Jacques-Yves Henkes eidel ausgoen; hiren eenzege Sëtz geet bei d’CSV eriwwer.
D’Demokratesch Partei bleift also stäerkste Kraaft an der Stad, ma wann si trotz allem mat minus 1 bis 2 Mandater als Verléierer aus de Wahlen erausgeet- gëtt elo schon tëscht Knuedler via Cercle a Roude Pëtz spekuléiert - kinnten d’Gewënner u Stëmmen, also Gréng an CSV sech zesummendoen. Wou läit nämlech den Interessi vum François Bausch, nees eng zweete Kéier just Finanzschäffen ze ginn?! Hien ass net méi där Jéngster een, de Moment ass komm, sech op de Buergermeeschterstull ze setzen. Dobäi ass sech duerchaus virzestellen, datt een d’Sozialisten mat an d’Boot hëlt, fir déi Blo op d’Schëff ze schécken.
D’Arrivée vun dëse Gedankespillereien: op dës Manéier kinnt de Wee fräi ginn fir eng schwaarz-gréng Koalitioun op nationale Plang. Et ass zwar nach e wäite Wee bis dohinner, ma wann d’Genossen sech esou behuelen, ewéi an de leschte Wochen, ginn si eng weider Kéier an der Wielergonscht zeréck.
Ass dës Spekulatioun, déi wéi gesot op der Place publique gehandelt gëtt, esou aus der Loft gegraff? Zum Deel jo, well de potentiell bei deene Gréngen vu Leit, di ministrabel sinn, net grouss ass. Op där anerer Säit üben sech verschidde Sozialisten schon elo an der Oppositioun: si mengen, et wier un der Zäit, sech nei ze positionéieren. Esou eng Zäit ka laang daueren- d’DP weess e Lidd dervunner ze sangen. Datt awer schwaarz Kueben esou Spekulatiounen vun den Diech erof päifen, gëtt ze denken. Op kommunale Plang setzt een eng DP ënner Drock, op Landesniveau eng LSAP. Mä, esou ass dat wuel am Marienland, wou d’CSV an der Majoritéit ass, esou guer dann, wann se an der Minoritéit ass.

Äre Commentaire