Plakater a Sloganen

RTL - 15.09.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.10.2011, 15:40 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf

Se hänken a se stinn elo iwwerall laanscht eis Stroossen, d’Wahlkampf-Plakater an d’Sloganë vun de Parteien.

Dass d’Genossen trotz hirer Sandweller Affär nach ëmmer hire Slogan hunn, datt weist schonn, datt si neelech Charakter hunn. Fir mech a meng Gemeng, dat ass nu wirklech a 5 Wierder dat gesot, wat an zech Gemenge lass ass – iwwregens beileiwe net nëmmen an tzozialistesch regéierten – nämlech, datt déi, di beim Weihwasser sëtzen, sech seenen. Do jot een délit d’initié deen nächsten, jidderee weess et, mee et ass näischt dergéngt ze maachen, well Stréimänner, Stréifraen, Stréifrëndinnen a Stréi-Entreprisen agesat ginn. An ech komme gutt ewech an d’Gemeng kënnt schlecht ewech.

An d’Sozzen – dat wonnert een e besse no dësem Summer – si sinn déi Eenzeg, déi op hirem Plakat e Vëlo hunn, e Course-Vëlo versteet sech. Ouni falsch Schimt gëtt sech un d’Becca-Boys gehaang, et ass jo fir e gudden Zweck, fir mech, bon, a meng Gemeng.

Déi Gréng, déi hunn an der Haptsaach Gréngs op hirem Plakat. A soss nëmmen ee Sprëchelchen. An deen  - besser liewen -  ass esou evident, banal, richteg, och langweileg, datt ech direct iwwer de Contraire nodenken. Wat wier dat? Besser stierwen – nee, d’ Euthanasie-Debatte ass eriwwer, also awer léiwer de Slogan Méi schlecht liewen. Dat wier dach emol e Slogan, der haarder Zäit ugepasst, keen Index méi, manner an der Pai – ech weess och net, firwat ech beim Wuert liewen direkt un de Fric denken. Dat ass net ganz nohalteg. Mee egal.

An der Stad regéiere se jo zesummen, déi Gréng an déi Liberal. Fir besser do ze liewen wëllen déi Blo Lëtzebuerg zesumme gestalten. Cooperativ eppes forméieren wëlle se also, eis Blo, dat ass besser wéi individuell zerstéieren, okay. Mee hir Plakater, déi si wirklech opfälleg, en opgeraumtent Duercherneen, se gesinn och e bëssen aus wéi Kannerzeechnungen aus der Spillschoul, Dir wësst schonn, déi di d’Kanner mat heem bréngen an da kann een se ni ewechgeheien, si halen éiweg, éternel wéi den Helminger an der Stad. Mee dat Verb gestalten, dat erënnert dach awer  - teutonesch-therapeutesch wéi et ass - un déi psychesch Problemer, déi ee mat enger Gestalttherapie heele kann. A watfwer Gemengen d’DP sech gesondstousse wëll – iwwerall natierlech.

D’ADR iwwerdeems beweist op e Neits, datt si aus dem schwaarze Stall kënnt. Op en Hoer no huet si dëst Joer deeselwechte Slogan wéi hiert Mammenhaus. Eng kloer Sprooch an denger Gemeng – dat ass näischt fir Feinschmecker, dee Slogan. Fänke mer hannen un an denger Gemeng also net an eiser, net a menger, mee an denger, mir gesinn ganz däitlech d’Problemer an denger Gemeng a mir schwätzen doriwwer. A menger Gemeng – bon, do sinn mer e bëssi méi stëmmchen. A wa mer awer eppes soen, dann an der richteger Sprooch. Well eng kloer Sprooch, versteet sech, dat ka nëmmen eng sinn, Lëtzebuergesch de Lëtzebuerger, an deenen aneren och und bist Du nicht willig.

D’ADR deet mer jo e besse leed. Knapps ass se an Norwegen weltberühmt, schonn ass dat erëm verkéiert a penibel. Mee dat mat dem kloerrosene Lëtzebuergesch, dat menge si eescht. Spaghetti därfen nach just dënn Nuddele genannt ginn a si maachen elo e Concours, siche nei Wierder fir Hamburger a Coq-au-vin. Net fir Moussaka an Döner Kebab – déi gi preventiv guer net an d’Land erageloss.

D’CSV iwwerdeems, déi huet e kloere Blëck fir eis Gemeng, also net fir är Gemeng oder hir, mee fir eis. E kloere Bléck – ech froe mech, firwat se insistéieren, ech denke ni un den dréiwe Bléck vum Jean-Marie, net un dee verdrëssleche vum Jean-Claude an net un den driipsege vum Fränz  – oh, pardon, dat sinn alles national Zelebritéiten, hei soll jo kommunal duerchgebléckt ginn. Ob dann eppes gemaach gëtt, emol kucken.

A kéint, w.e.g, emol een der CSV soen, si sollt bei Geleeënheet en Aa op hir Parteifaarf puchen: dat Orange, dat ass gräisslech, ännert dat, please, soss gëtt dat ni eppes an der Stad an zu Esch. Agent Orange for ever – do ass herno all Gréngs verbrannt, d’Delphine schnape no Loft an déi Rout si mam Vëlo fort. Kee Koalitiounspartner méi wäit e breet, ofgesinn vun deem mat der kloerer Sprooch.

Mee do sief e kloere Kapp vir. Esou ee misst sech dach och an der Waassergass fanne loossen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!