Haut ass Pappendag

RTL - 02.10.2011, 10:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.10.2011, 10:14 | 1 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf
Do hate mer also eppes geléiert: éischtens datt et esou en Dag giff ginn, koppeg genuch, an zweetens, datt een deen Dag net eescht misst huelen. Dat goung elo e bessi séier: nach eng Kéier vu vir un: de Paschtouer himself sot an irjendengem Éischt-Kommuniouns-Katchessem op emol, de nächste Sonden wier Pappendag, mee dat giff ni ee soen, et giff ee Krawattendag soen, well et bal reimt a well d'Pappen ëmmer Krawattte geschenkt kréien op deem Dag. A sou. Mee et muss e nach méi weit vir ufänken. Well Pappendag, dat hu mir jo och direkt gemierkt, dat war jo nëmmen de Pendant zum Mammendag a vu datt mir Kanner esouwiesou de Mammendag ëmmer vergiess hunn, war de Pappendag am Fong nëmmen e weidere blöden Dag wéint deem een – wann e bis erduerch war an et hat ee deen nees eng Kéier vergiess – wéint deem een nees eng Kéier e vaguet schlecht Gewëssen hat. Awer net ze laang. Et war no enger klenger halwer Stonn vergiess. Well och de Pappen war deen Dag, wéi et schéngt, kee Wuert wäert. Et gouf jo där Mammen, déi konnten en Dag laang motzen, wa se op Mammendag keng Blummen oder kee Bild kruten. D'Pappen waren do wéi et schéngt manner empfindlech. Wéi se och iwwerhaapt net vill Krawatten unhaten, just emol sonndes oder wann e Begriefnes wier, mee soss wore si net wirklech Krawattendréier, well se wore jo keng fein Hären, déi am Hotel Schlips an an aus gaang sinn. D'Pappen hunn op der Schmelz geschafft, bal alleguer, blot Gezäi war do de mise a wann een a seng Discouren esou Wierder – de mise – agefléckt huet, dann ass deen instantly schief oder guer net méi bekuckt ginn. Iwwerhaapt eng komesch Instanz, déi Pappen. Se ware méi Background wéi Präsenz. Mat hinnen ass gedreet ginn, si hunn een zwar bal ni gebeetscht, mee well se ni do waren, waren se eppes wéi eng Strof, déi ëmmer nach kéim, eben dann wa si vun der Schaff erëm do wieren. Se stungen op engem pied-d'-estal, se waren eng Drohung, déi heiandsdo agetruede ass an heiandsdo net, en Eskalatiouns-Niveau fir d' Problemer mat der Mamm oder mat de Geschwëster, deen awer seelen erreecht gin ass. D'Pappen hunn also d'Geld verdéngt. A se hunn d'Land regéiert. Iwwerdeems d'Fraen d'Famill regéiert hunn. An de Gefühlshaushalt vun hire Kanner. An och dee vum Land. Et ass eng kathoulesch Astuce sonnergläichen, datt Grand-Duchesse, Consolatrix a Mamm als Iwwerbau benotzt gi sinn, en Iwwerbau mat engem zolitte Fundament a keltescher Zäit, eng Sonner-Relioun fir eppes, wat um Terrain dat rengt Patriarchat war, mat Premier, Patron, Buergermeeschter, Paschtouer, Affekot, Schoulmeeschter an déckem Bauer als Exécutants.Heinandsdo seet ee jo – e schlechte Witz, ech weess – mir feieren Mammendag net, well jidder Dag ass e Mammendag. Op der anerer Säit vun der traditioneller Koppel gëtt do e méi zolitte Schong draus: all Dag war Pappendag – a wien e Pappendag als Festdag, als Commemoratiouns-Dag ausrifft, dee mécht am Fong op eppes opmierksam, wat ee besser verstoppt hält, fir datt et verstoppt bleift: dat ass déi verwuerelt Realitéit, datt d'Fraen an de Familje vill Muecht haten, datt et eng marianesch Ideologie gouf an nach gëtt, déi suggeréiert, déi, deenen misst gefollegt ginn, wieren d' Herrscherinnen, vu Läif a Séil. Iwwerdeems d' Hären de Kommando haten an hunn. Huelt Tréier. Do kuckt eng Marie-Statue op d'Stadt erof, majestätesch, iwwerdeems do ënnen die Herren der Schöpfung d' Soen hunn an haten. Habemus papam. A mir sinn um séchere Wee.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!