Bëschofswei
RTL - 17.10.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2011, 18:21 | 5 Commentaire(n)

Zoufall, oder net…op den Dag genee virun 33 Joer gouf de Poopst Jean-Paul den Zweeten am Vatikan zum éischten net-italienesche Poopst zanter 1522 gewielt….
D’Lëtzebuerger Kierch huet iwwerdeem zanter dem 16. Oktober, also e Sonndeg, och en neie Chef…
Mam Jean-Claude Hollerich soll d’Nolauschteren an d’Missionéieren eng nei Dimensioun kréien, mengt de Roy GROTZ….
Dat Missionéieren, dat Verkënnegen, deen Ordre de Mission ass dem Jesuitepater Hollerich esou wichteg, datt en et och direkt a säin neien Bëschofswopen integréiert huet….Anuntiate…verkënnegt an annoncéiert d’Evangelium…
Ënnert deem Motto stoung och e Sonndeg déi ganz laang Zeremonie vun der Bëschofswei, wou den neie Chef-Hiert vun der Lëtzebuerger Kierch mam Bëschofsrang, der Mitra, dem Bëschofsstaf méie vrun allem dem Handopleeë vu senge Matbridder och als neien Äerzbëschof d’Insignien vu senger Charge krut….
An à propos dës äusserlech Zeechen, déi e Bëschof ausmaachen…
do war et am Virfeld vun der Wei nawell Diskussioune ginn…dat well uechter d’Poren e Bréif zirkuléiert war, wou zu Donen opgeruff gouf, fir de Bëschofsstaf a –Rang ze finanzéieren…eppes wat net bei all Mënsch gutt ukoum, ma vläit jo och en Zeechen, datt d’Communautéit hannert hirem neie Chef steet…Done koumen der genuch zesummen…d’Preuve ass, datt Rang an Staf jo e Sonndeg zeremoniell iwwerreecht goufen…hei kann ee sech fir d’Zukunft vläit manner Symbolik a méi Konkretes wënschen…sécherlech wier dat kee Feeler fir d’Kierch mam neie Chef aus Japan…ee Chef deen net vergiess hat seng Studenten z’invitéieren an och drop gehalen hat, datt säi Bëschofsstaf aus engem Nëssert gemeet gouf….dem Veiner Bam schlechthinn…
An du war et no deck annerhallwer Stonn esouwäit…de Fernand Franck huet de Jean-Claude Hollerich bei de Bëschofsstull begleet an hien do souzesoen op den Troun gesat…d’Kathedral …de Léierstull vum Bëschof, wou de Jesuitepater op eemol ganz alleng souz…..
Wat soll dem Mann do duerch de Kapp gaange sinn?
Wahrscheinlech all déi Froen, déi sech e Mënsch stellt, deen elo Porte-Parole a Vertrieder vun enger Kierch ass, där e stramme Wand entgéintbléist…
Nëmme wann den neien Bëschof et fäerdeg bréngt esouwuel d’kritesch Stëmme vu Gleewegen, grad wéi och d’Meenung vun Agnostiker an Atheisten ze héieren an ze deiten, wäert hien um richtege Wee sinn…eréischt da gëtt aus dem Annuntiate och e reellen Opbroch, deen déi vereelst Kiirchen-Strukturen esou dréngend brauchen….
Deen Opbroch huet de J-Claude Hollerich a ganz perséinleche Wierder zesummegefaasst…den Terme vum ZESUMMEN…. dem zesumme schaffen, bieden a gestalte loung dem neien Hiert virop no….absens domat war et de Verweis op d’Jugend…a genee duerfir hate sech och eng Dose Jonker vun der Uni vun Tokyo deplacéiert….
En Ufank vun neiem Wand, Oppenheet an Beienee-Sinn gouf um Sonndeg scho gemeet…well och wann een net vill bannent der Kathedral vun der Wei matkrut, sou war de Fräibéier op der Clairenfontainesplaz e sympathesche Geste…firwat kee Sake zerwéiert gouf, dierft dem Mgr Hollerich säi Geheimnis bleiwen…. wéi waren dem neie Bëschof seng lescht Wierder…. "Ech mengen et geet elo duer…." ginn mer him déi Chance, d’Chance vum Annoncéieren an dem « Zesumme Kierch sinn »…eppes wat bis dato vläit entschlof war….


Äre Commentaire