Modern Faaschtenzäit

RTL - 26.02.2009, 08:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.02.2009, 15:25 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Marc Linster
Wat kënne Begrëffer wéi faaschten a Faaschtenzäit eis haut dës Dags nach soen? Mir liewe jo an enger Zäit, wou Relioun bekanntlech eng vill méi kleng Roll an eiser Gesellschaft spillt, wéi nach virun 30, 40 Joer.

An dach mengen ech, kënnen esou Zäiten, och wann een net gleewech ass, dach zum Nodenke brengen.

Faaschte kënnt aus dem Goteschen a bedeit fest-halen, Geboter anhalen. Och dat englescht Wuert fasten huet dee selwechten ethymologeschen Uersprong...mer fannen et zum Beispilll erem a „fasten your seatbels"....datt bedeit jo festmaachen. Am reliéiese Sproochgebrauch gëtt Faaschten mat Em-Kéier, Verzicht a Verbindung bruecht.

Fest-halen, Em-Kéier a Verzicht: dir frot mech elo, wat fir modern Mënschen mat esou Begrëffer eppes ufänke sollen. Mir sinn dach getrimmt op ëmmer méi, ëmmer besser.....mir sti permanent ënner Drock, Drock dee mir eis selwer maachen, Drock awer och dee vu baussen op eis duerkënnt. Leeschtung brengen, fit sinn, consommeieren vu moies bis owes.

Vläicht ass d'Wirtschaftskrise (mat deer mer am Moment confrontéiert sinn) eng gutt Geleeënheet, fir mol eng Kéier stopp ze ruffen: ech kommen hei nach emol op d'Stechwierder „Fest-halen" an „Emkéier" zréck. Mir sollten eis d'Fro stellen, wat an eisem Liewen wierklech derwäert ass fir dass mer dru festhalen a wou et ubruecht ass, d'Kéier ze huelen... Solidariteit, Gerechtechkeet, Nohaltechkeet op deene verschiddenste Pläng. Ech mengen, dass dës Wäerter sollten op hier Actualitéit iwerpréift ginn.....esou verstëppst wéi mer dat gäre wësse gedoe ginn, si se menger Meenung no net.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!