Coûte que coûte

RTL - 25.10.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2011, 18:20 | 4 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf
Sommet e Sonnden, Sommet mar – zu Bréissel ass gutt eng lass, Griicheland muss gerett ginn, den Euro muss gerett a vläit och d'ganz Unioun. E Commentaire vum Nico Graf.

Europa féiert sech den Ament op wéi e Kand: magescht Denken, dat fir boer Mënz geholl gëtt. Esou op de Genre: Wann ech mech beim Stoppches-Spillen hannert menge Fanger verstoppen, da gesäit kee mech. Nom Motto: Et kann dach net sënn, wat net däerf sënn.


Wéi d'Angela Merkel hei am Land war – ass dat eréischt annerhalleft Joer hier? -, do hat eise Jean-Claude sech jo erkühnt, vun de PIG-Länner ze schwätzen. An d'Merkel war him neelech iwwer de Mond gefuer, déi Länner sollten net genannt ginn. Nom Motto: Wann d'Marchéen eis héieren, da spekuléieren déi um Enn nach géint déi Länner an duerfir maache mer grad, wéi wann et do keng Problemer gëtt an da geet dee Kellech laangscht eis.


Schön wär's gewesen, mä dee Kellech ass laangscht komm a mir drénken en aus - jusqu’à la lie.


An d'Fauschtregel fir déi nächst Méint – wann net Joren – ass déi hei: Et kënnt genee esou schlëmm, wéi se haut all soen, datt et op kee Fall kéim. Ech sinn do net Prophet, just Observateur vu wäitem.


Wie krut der net alles?


Eise Premier vun der Kanzlerin, well e bal d'Wouerecht gesot hat.


De Philipp Roesler hat eng Koalitiounskris riskéiert, mat eppes, wat haut eng gellech idée reçue ass, d'Faillitte vu Griicheland.


An all déi Leit, déi en hair-cut fir d'Griiche prophezeit hunn, krute gesot, se sollten de Bak halen. Haut ass nach just d'Fro, op d'Hellenen d'Hoer kuerz geschnidde kréien oder ganz kuerz oder ob et direkt eng Glatz gëtt.


An de faméisen Hiewel, deen ze éischt dementéiert gouf, dee kënnt, ganz sécher.


An duerfir – Amen um Kierchbierg – kommen och weider Banken an d'Laberenten, gi weider Staate faillite, kënnt déi faméis Transfer-Union. An ob d'Briten an der EU bleiwen ass och guer net sécher, quitte datt se den Ament all nach am Parliament soen, se giffen dra bleiwen.


D'Politiker léien a stelle sech domm aus engem eenzege Gronn: Se wëllen erëmgewielt ginn. De Sarkozy esouwisou, d'Merkel huet ëmmer irgendeng Wahl, wou se derduerch komme muss, an de Bunga-Bungasconi huet ëmmer irgende e Mësstrauens-Vote géint sech. Fir nëmmen d’Cheffen aus den dräi gréisste Länner ze nennen.
An et ass jo nëmmen op si, wou et ukënnt. Déi aner musse coûte que coûte matmaachen. Coûte que coûte, schonn interessant, wat d'Sprooch engem do esou offeréiert.

Wat mech un all deem esou opreegt, dat ass d’Absence vun all Politik.


Wat sinn eis Häre Politiker dorëmmer paradéiert um Ufank vun der Finanzkris a wat waren se houfreg, datt d'Politik – also de Gestaltungswëlle vun de Regierungen – elo erëm gefrot an do wier, datt de Casino-Liberalissem verluer hätt a wat waren se houfreg, d'Banken ze retten an op hir antizyklesch Politik an op hir Investitiounen. Déi op Puff gemaach gi sinn an dat Gepuffs an dat vu fréier flitt eis elo ëm d'Oueren. An d'Politik ass megadout. D'Marchéë fuere mat hinne Schlitt, a wéi, an zu Bréissel brëllen se no enger Bazooka, fir d'Spekulatioun ze erschéissen. Mat Bazookae gëtt op Tanke geschoss, also op eppes Déckes, Gepanzertes, wat duerch d'Landschaft fiert. Mä d'Marchéë sinn net ze gesinn, se sinn anonym, se reagéieren extrem flexibel, se gewannen ëmmer, well se op dëst an op säi Géigendeel wette kënnen. A se hu mam reale Liewen näischt ze dinn. Ech fir mäin Deel bekäppen zum Beispill ze frecks net, wat e Leerverkauf soll sinn a firwat esou eppes erlaabt ass.


Déi Neoliberal wollten d'Staate kleng kréien. A well d'Staaten an d'Communautéite gourmangseg Monopoly matgespillt hunn, sinn se am Gaang, futti ze goen. An dat Gehiewels, wat se elo probéieren, fir aus 400 Milliarde Prabbeli der 2000 ze man, dat  ass alt erëm ee vun deene magesche Finanztricken, déi kee Mensch versteet. An – ass mer opgefall – e weidert Zauberstéck, dat keen explizéieren kann.


Ech sinn en einfache Mënsch.


Ech hätt gär Realeconomie encadréiert vu Realpolitik.

Ech hät ni geduecht, datt ech dee Saz eng Kéier soe giff.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!