Football-Stadion
RTL - 25.10.2011, 13:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.10.2011, 16:54 | 15 Commentaire(n)

De leschte Samschdeg huet de President vun der Lëtzebuerger Football-Federatioun Paul Philipp um FLF-Kongress gesot: "Ech well de Referendum léiwer haut wéi muer!"
Lëtzebuerg an „d'Schwäiz“ hunn nawell vill Punkte gemeinsam. Wat elo dat eent mat deem aneren ze dinn huet, verréit de Franky Hippert an engem Commentaire:
Déi zwou Natiounen hu vill Banken, gehéieren zu de räichste Länner op der Welt a lo gëtt et hei zu Lëtzebuerg, genee wei an der Alperepublik, och e Referendum iwwert e grousse Projet. E Referendum ass och eppes ganz Positives, direkt Demokratie ass luewenswäert. Elo kënnt awer de sprangende Punkt, wou mer eng schlecht Dugend vun de Schwäizer hunn. Bei eis geet et och „laaangsaaamm“, „seeehr laaaangsaam“.
Besonnesch bei nationale Sportinfrastrukturen di mer eis als Grand-Duché immens schwéier. Et gëtt diskutéiert, da gëtt eng Etude gemaach, da gëtt doriwwer diskutéiert, da gëtt eng Géigenetude gemaach, da gëtt erëm diskutéiert, an dann iergendwann kënnt erëm iergend ee Schlauen, deen de Projet emol op Äis leet. An dann dauert et erëm. An esou verginn d'Joeren. 45 beim Velodrome, 1966 gouf dee leschten zu Nidderkuer zougemaach.
U sech e Skandal, datt déi Sportfederatioun mat de beschten internationale Resultater emol keng Infrastruktur an engem vun de räichste Länner op der Welt huet, fir ze trainéieren. Schumm dech, Lëtzebuerg!
Et ass ze fäerten, datt et beim Football-Stadion, deen absolut néideg ass, Lëtzebuerg blaméiert sech nämlech permanent mam Stadion op der Areler Strooss bäi den auslännesche Gäscht, och esou laang kéint daueren, bis een neie gebaut gëtt.
Déi kleng Lëtzebuerger Football-, Vëlos- a Sportswelt huet es genuch. Ras le bol! Dee politeschen Hin an Hier, dann erëm hei e Moratoire an dann nees do e Problem. Si mir hei an deem Land net kapabel, an enger raisonnabeler Zäit néideg national Projeten ëmzesetzen?
Lëtzebuerg ass Weltmeeschter! Weltmeeschter am näischt maachen, oder am Iwwerdreiwen.
Et muss kee Palais si wéi d'Coque, et soll funktionell a flott sinn.
E grousst Bedaueren an der Lëtzebuerger Sportswelt ass sécher och, datt ni serieux iwwert de Projet Kockelarena geschwat gouf. Do hate mer wuel keng Loscht driwwer ze diskutéieren.


Äre Commentaire