Taxi Taxi

RTL - 12.03.2009, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.03.2009, 10:00 | 5 Commentaire(n)

Auteur: Fränk Kuffer
Taxi-Fueren zu Lëtzebuerg...fir de normale Bierger onméiglech.

Am Fong misst et mer jo kënnen egal sinn. Et war eng Geschäftsrees an de Patron bezillt jo den Taxi, et ass mer awer guer net egal. Mee dat ass awer och ee Problem, dass a ville Fäll déi Taxien fir Geschäfts-Trajeten genotzt ginn, wou souwisou d'Firma bezillt oder et si Leit déi sech et kënne leeschten. Well deen einfache normale Lëtzebuerger kann dach onméiglech Taxi fueren.

Ech war zu Paräis, keng bëlleg Stad, ee Béier 10 Euro, an engem normale Bistrot präziséiren ech, mee den Taxi huet „nëmmen" wëll ech emol soen 30 Euro kascht. 30 Euro vum Hotel op d'Gare de l'Est, dat war een Trajet vu 45 Minutten an dat sinn 67 Cent d'Minutt och wann dat, ech wees eng ganz vereinfacht Rechnung ass, et war vill Traffic, den Taxi stoung dacks asw.

Ech kommen da mam TGV op d'Gare an der Stad an huelen den Taxi op de Kierchbierg bei d'Gebai vun RTL......knapp 10 Minutten , 20 Euro. Dat mecht nach ëmmer vereinfacht gerechent 2 Euro d'Minutt.

Dobäi kënnt, dass den Taxi-Chauffeur sech um Kierchbierg verrannt huet, deen Armen, bestëmmt net express a wéi ech hien drop opmierksam gemeet hunn, konnt de Mann sech un dee richtege Wee erënneren an huet och den Taximeter gestoppt. Froe mech just wat hie gemeet hätt wann ech net vun hei mee aus dem Ausland komm wier, dann hätt ech eben eppes weider bezuelt.

D'Taxien sinn ze deier, dat seet jidereen, och den Transport- an de Wirtschaftsminister hunn et gemierkt, kritiséiert an sech engagéiert eppes dogéint z'ënnerhuelen, geschitt ass awer rose wéineg. Dach et ginn elo méi Taxien um Findel, do däerf awer net jidereen halen. D'Taxien sinn nach ëmmer geographësch opgedeelt a wéi et schengt ginn emol d'maximal Präisser, déi schonn ze héich sinn, net agehal.

Firwat muss ech och den éischten Taxi an der File huelen an net deen drëtte froen op dee mer ee bessere Präiss mëcht ?

Firwat kann net den Taxi vun Dikrëch och an d'Stad kommen an do Leit einfach esou mathuelen ?

Firwat ginn et iwwerhaapt haaptsächlech dëck Maschinnen déi fueren, ee klenge Weenchen wier mer och duer gaang an dann een anstännege Präiss vun der Gare op der Kierchbierg.

All Dag gi Leit ugehaal, déi Auto fueren an zevill gedronk hunn. Natierlech sinn déi kloer am Fehler a net ze verdeedegen mee virwat gëtt et nieft der Super-Initiative Nightrider net och op d'mannst eng Taxis-Entreprise, déi een sech leeschte kann.

D'Reform kënnt huet de Minister Jeannot Krecké mer déi lescht Woch nach versprach, hie schafft drun. DAT wier nawell nach ee schéine Cadeaux virun de Wahlen.

Oder et misst een, eng nei Firma sech trauen ee ganz neie Wee ze goen, den établéierten Taxis-Entreprisen richteg Konkurrenz ze maachen, mat Tariffer wou déi aner net anecht méi kënnen wéi no ze zéien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!