Kritik un der Uni-Lëtzebuerg
RTL - 19.03.2009, 08:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2009, 08:55 | 0 Commentaire(n)

Verständlech, dat ee Minister esou ee Rapport gäre positiv interpretéiert - an op enger ëffentlecher Presentatioun virun allem de Message weidergi well, datt alles an déi richteg Richtung leeft.
Et steet och vill Positives dran, an deem Audit... vill Luef fir all déi, déi sech an de leschte Jore fir de Projet Uni Lëtzebuerg, e Been ausgerappt hunn. Allerdéngs verdeelt de Rapport, wann ee méi genee kuckt, nach laang net an alle Punkten eng Bonne Note.
Schonn déi alleréischt Recommandatioun ass däitlech: De Conseil de gourvernance misst säi Role vun enger strategescher Direktioun, déi onofhängeg vun der Gestioun ass, festegen.
Wann een den héiflechen an e bësse verschlësselten Toun, deen esou Rapporten u sech hunn, op direkt Sprooch iwersetzt, dann heescht dat: De Conseil de Gourvernance sollt sech ëm seng Saache bekëmmeren, a sech net an d´Gestioun ameschen.
Genee dat ass awer an de leschte Jore massiv geschitt - an et huet net ëmmer dozou bäigedroen, dat d´Uni méi efficace a qualitativ besser funktionéiert huet.
Och déi 2. Recommandatioun léist keen Zweifel drun, datt d´Exterten dat iewecht Organ vun der Uni eigentlech e bessen zeréckpeife well: D´Uni misst sech, sou heescht et do, méi op de Conseil universitaire an op de Comite de conseil scientifique stetzen. Beid sin Organer, an deenen Vertrieder vun der Uni selwer setzen - an net, wéi am Conseil de Gouvernance, Leit vu baussen, vun deenen déi näischt mat dëser an och net mat enger anerer Uni ze din hunn.
D´Uni wier autonom, dat betount den Héichschoulminister ëmmer nees - si ass et och, an awer setzt grad dee Conseil de gouvernance där Autonomie Limiten, op Plazen, wou ee sech froe kann firwat. Zum Beispill, wann et ëm d´Nominatioun vun de Proffe geet. Déi Leit - nämlech d´Proffe selwer - missten elo dee Betrieb an d´Hand huelen, sou d´Recommandatioun am Rapport, deen um Gebitt vun der interner Organisatioun wierklech net mat Kritik spuert: Si misst méi transparent ginn, a virun allem misst d´Uni, de facon radicale, hir intern Kommunikatioun verbesseren. Eppes, wat Mataarbeschter vun deem Unisbetrieb scho laang fuederen. Kee Wonner also, wa si mat deem Rapport eigentlech ganz zefridde sinn.
Ennert der Viraussetzung, datt net op Käschte vun engem politesche Succès, dee Rapport elo, nodeems de Minister en als Success-Story der Ëffentlechkeet präsentéiert huet, ganz einfach am Tirang leie bleiwt.
D´Unisgesetz, sou dem Francois Biltgen seng Conclusioun aus deem Rapport, d´Unisgesetz wier doduerch confirméiert ginn. Déi Expertise géif kloer weisen, datt een och no de Wahlen un dat Gesetz net wackele goe sollt. Allerdéngs sin de Role an d´Zesummesetzung vum Conseil de gouvernance an eben dem Gesetz festgeluecht. Dat kéint een, wann een deen externe Rapport hei eescht helt, duerchaus iwwerdenken.
A propos „extern" - et kann ee sech ganz niewebäi och e bëssen driwer wonneren, datt de President vum Comité vun den externen Experten, bis vrun e puer Woche selwer Member vum Conseil de gouvernance war.
D´Kritiken aus dem Rapport sollt een nawell, och wa Wahlen sin - eescht huelen, an op deene Punkten, déi hei opgezielt ginn, wierklech aktiv ginn. Soss waren déi 350.000 Euro, déi deen Rapport kascht huet, net ganz sënnvoll investéiert.

Äre Commentaire