Wéi ass et mam Geliits
RTL - 21.11.2011, 12:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.11.2011, 12:38 | 16 Commentaire(n)

Zanter e Sonndeg läit de Football an der ieweschter Divisioun hei zu Lëtzebuerg am Schaf. Den nächste Weekend gëtt allerdéngs nach Coupe gespillt. De Franky Hippert huet sech awer no der Hironn an engem Tëscheruff sou seng Gedanke gemaach iwwert de Football hei am Land:
Et gëtt en Indentifikatiounsproblem, en Qualitéitsproblem wat dat sportlecht an dat infrastrukturellt ugeet, et gëtt en Arbiterproblem, an e leschter Zäit gëtt et hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi e Mentalitéitsproblem.
Mat deem beschäftege mer eis haut och. Et mengt een, et géif een spannen, wann et heescht, e Bambinimatch, dat sinn déi kleng tëscht 5-6 Joer, huet missen ofgebrach ginn, well Eltere vun deenen zwou Equipe während der Partie unenee gerode sinn.
Et mengt een et hätt een net richteg héiere wann et heescht, datt en Arbiter vun engem Scolaires-Match no der Partie vu Spectateuren no enger Feeldecisioun ugegraff gëtt.
Dat ass Intolerabel!
Léif Elteren, Léif Supporter, Léif Spiller, Léif Responsabel vun de Clibb, et geet bei den Jugendkategorien an éischter Linne drëm Spaass um Football ze hunn.
Wann d'Kanner gutt genuch sinn, wannen se och vläit eng Kéier d'Champions League, wann se grouss sinn. Mä och do geet et net drëm sech de Batti ze stellen, och wann Emotiounen zum Sport gehéieren.
A Propos Batti stellen. An de leschte Wochen héiert een hei zu Lëtzebuerg nees méi vun deene sougenannten Ultraen bei den Seniorsequippen an der BGL-Ligue, dat sinn déi ganz haart Supporter. Zu Maacher sangen eng 70 bis 80 Leit während deenen 90 Minutten, sou wéi dat och am Ausland an de grousse Stadien de Fall ass. Dat ass flott fir de lëtzebuerger Football. De Spaass héiert awer definitiv op wann Ultraen, déi rivaliséieren, sech Rendezvous ginn, fir Krich ze spillen.
Bei deem mëttelméissege Niveau deen d'Spectateuren um Terrain hei am Land gesinn, muss een sech wierklech d'Fro stellen! Jongen a Meedercher, geet et nach mam Geliits!? Dat do ass definitiv net derwäert fir sech d'Käpp anzeschloen.
An d'FLF muss awer op jidferfall sou séier wéi méiglech op dee Phenome reagéieren.

Äre Commentaire