Juncker: De groussen Europäer?

RTL - 24.11.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.11.2011, 20:03 | 1 Commentaire(n)

Auteur: Danièle Weber
E gëtt och alt emol de Mister Euro genannt, an an der auslännescher Presse als Muster-Europäer ënnert de Staats- a Regierungscheffen gefeiert. Wann ee genee nolauschtert, ass de Jean-Claude Juncker awer net ëmmer dee groussen Europäer, ma ee Politiker, dee sech behëlt ewéi anerer och.

Hie géif hei als Täter an als Affer beschriwwen, dat sot de Premier Jean-Claude Juncker vru Kuerzem an engem Debat am Europaparlament. Affer, well hien als President vum Eurogroupe drënner leit, wann d'Ministeren éischter un d'Interêten vun hirem eegenen Land amplaz un déi vun der Europäescher Unioun denken. Täter ass hien – wëll hien als Lëtzebuerger Premier selwer Member am Club vun deenen Inter-Gouvernementalisten ass. Wéi eng Sprooch hien da mat där Stëmm am Conseil géif schwätzen, huet een Parlamentarier am Debat gefrot. Wat hien do zu de franséisch-däitsche Proposen géint d'Krise gesot hätt?

Ech stinn do dohannert, sou d'Äntwert. Eventuell Kritikpunkten huet de Jean-Claude Juncker zu Stroossbuerg sou diplomatesch verpaakt – dat een dovun ausgoe kann, dat hien zu Bréissel net méi däitlech ginn ass.

Dat souwuel de Lëtzebuerger Premier wéi och de Finanzminister am Conseil net ëmmer ganz „europäesch“ argumentéieren, wësse mer. Do brauch een nëmmen dorun ze denken, wéi fest Lëtzebuerg um d'Bankgeheimnis peche bliwwen ass. Där Beispiller géif et nach méi.

De Jean-Claude Juncker ass elo dofir, dat de Posten vum President vum Eurogrupp ee permanente gëtt. Et wier net dran, fir deen Job nieft deem vum Premier vun engem Land ze maachen, sou seng Erkenntnis. Hie wier awer net Kandidat fir dee neie Posten, sou seng Annonce. D'Erkenntnis baséiert sécher op senger Experienz – ma seng Net-Kandidatur huet vläicht och eppes domat ze dinn, dat hien a der Gonscht vum decisiven Duo Merkel-Sarkozy net méi ganz uewe steet, a vun dohier net onbedéngt vill Chancen op een neit Mandat hätt.

De gréngen Daniel Cohn-Bendit hat och eng Fro un de Lëtzebuerger Politiker – et wier him egal, ob hien als Premier oder als Chef vum Eurogrupp géif entwäerten. Senger Meenung no – an déi Meenung deele vill Europaparlamentarier queesch duerch d'Parteien –dem Cohn-Bendit no also - sollt déi europäesch Kommissioun déi economesch Gouvernance an Europa iwwerhuelen – also sollt och si en net ee President vum Eurogroupe an och kee President vum Conseil an Zukunft déi europäesch Finanzen dirigéieren. Just d'Kommissioun kéint eng communautaire aplaz vun enger intergouvernementaler Approche garantéieren.

Dat awer gesäit de Jean-Claude Juncker anescht. Et bräicht ee sech net virzemaachen, dat déi national Regierunge géife verschwannen. Am Interview mat Lëtzebuerger Journalisten gëtt de Jean-Claude Juncker, elo nees ganz Premier – méi däitlech: een EU-Commissaire huet kee Recht, ee nationale Budget ëmzeschreiwen an et ass net u Bréissel, fir der Chamber Virschrëften ze maachen. Dat héiert sech anescht un, wéi op ARD an ZDF.

Säin Argument, firwat d'Kommissioun net kann déi ekonomesch Gouvernance iwwerhuelen, kann dobäi net wierklech iwwerzeegen: D'Kommissioun mécht Proposen fir Gesetzer, sou de Jean-Claude Juncker, an deen, dee proposéiert kann net och decidéieren. An deem Fall dierft och kee Conseil vu Ministeren eppes decidéieren – wëll och hei gi schliisslech Propose gemaach - dat huet awer bis elo kee gestéiert.

Als Premier vun enger vun de Finanzplazen, engem Land, an dat vill Kapital aus dem Ausland geflücht ass - an dat, wou an Zäiten gären an der Bankewelt déi Schëlleg fir d'Kris gesicht ginn, nawell als groussen Europäer ze gëllen - dat ass eng politesch Leeschtung. Et seet awer net direkt eppes doriwwer aus, fir wéi eng Politik een doheem bei sech steet.

 


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!