FLBB ouni Spëtzt
RTL - 23.11.2011, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.11.2011, 20:03 | 0 Commentaire(n)

Zanter en Dënschdegowend steet d’Basketfédératioun ouni Spëtzt do. Nom Trésorier Jean-Jacques Scheuren hunn och de President Carlo Kemp an d’General-SekretärinLiliane Fisch hier Demissioun mat effet immédiat eragereecht.
De Guy Seyler mécht sech e puer Gedanken iwwer déi wuertwiertlech penibel Situatioun:
D'Entente an der FLBB war zanter laangem gestéiert. Heemlech hat ee gehofft, déi Problemer géifen intern geléisst. Spéistens awer um leschte Kongress am September, wéi de President 3 Memberen aus senger Equipe virum grand public déi giel Kaart gewisen huet, wosst een, datt d'Kaar verfuer war.
Et hunn sech du awer 5 Leit nei an den CA gemellt. Zesumme mam neie Vize-President Romain Hoffmann hunn déi, laut eegenen Aussoen, probéiert déi zerstridde Camp'en erëm zesummen ze féieren.
Dat huet ufanks gutt ausgesinn, well déi leideg Affaire Milongo war direkt vum Dësch.
Et blouf du nach de Problem vum directeur technique an Dammennationaltrainer, dem Herrmann Paar. De President, ënnerstëtzt vun 3 anere Memberen, wollt de Kontrakt mam Däitschen direkt kënnegen. Ofgesinn dervun, datt een e Kontrakt, wéi den Herrmann Paar een hat, net esou einfach kann opléisen, hunn an engem geheime Vote 11 géint 2 fir den Herrman Paar gestëmmt – bis 2013.
Domat war och dëse Problem demokratesch geléist. Hat ee gemengt. Well d’Differenzen déi bloufen.
De Carlo Kemp gesäit en déife Gruef tëschent deenen neien a deenen ale Memberen: Hie wier an dësem Spill nach just eng Marionette. An hie géif net respektéiert ginn.
Wann dat esou ass, dann ass séng Demissioun eng logesch Konsequenz. Perséinlech hunn ech awer e Problem, dës Aussoen nozevollzéien:
De Carlo Kemp seet, et wier net korrekt gewiescht, datt de Vote fir den Herrmann Paar – e Vote, wou de President entschëllegt gefeelt huet -, datt dëst Resultat esou séier an d’Ëffentlechkeet komm wier. Nach éier d’Verhandlungen um Enn gewiescht wieren.
Dat ass awer net duerch eng Indiscrétioun eraus komm, ma et stoung esou am bulletin officiel vum 16. November ze liesen.
Da seet de Carlo Kemp nach, am Conseil d’administration séisse Leit, déi vun der FLBB bezuelt ginn. Sie géife selwer iwwer sech an hier Avantagen ofstëmmen.
Eleng un deem Reproche, wou ech net sécher sinn, ob e stëmmt, gesäit een, datt hei déif Wonne geschloe sinn.
Elo gëllt et, esou séier wéi méiglech, mat engem neie President d’Schëff erëm a méi e rouegt Waasser ze bréngen. Ma d’Kandidaten stinn net Schlaang.

Äre Commentaire