Typesch Amerikanesch
RTL - 07.04.2009, 09:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.05.2009, 16:12 | 2 Commentaire(n)

Gëtt dann elo endlech alles méi éierlech op der politescher Bühn?
Déi europäesch Arroganz, déi sech dacks hannert den Analysen iwwert amerikanesch Politik oder Kultur verstoppt, gëtt sielen kritesch gekuckt. E gesonden Anti-Amerikanismus ass villméi een Deel vun der alldeeglecher europäescher Politik.
Dobäi kënnt et, wat d'Wouerescht ugeet, net op ee Grapp voll un. Ee Commentaire vum Danièle Weber:
Ee Mann, deen et éierlech mengt, sou net nëmmen dem Premier Jean-Claude Juncker seng Impressioun vum Barack Obama. Och vun aneren europäesche Politiker gëtt den neien amerikanesche President esou charakteriséiert.
De Barack - een deen anescht matt eis schwätzt, déi méi op eiser Line ass ewéi säi Viergänger.
Do kléngt sous-entendu matt un, dat hei "bei eis" an Europa d'Politiker et vun Haus aus méi éierlech mengen, ewéi déi do iwwer an Amerika.
"Typesch amerikanesch" ass zu Lëtzebuerg ee Synomyme fir - wa mer zum Beispill un ee Film denken, fir "platt", "kitscheg", "naiv", "onrealistesch" oder wann et em d'Ekonomie geet och fir "onsozial", a "rücksichtslos". Wien esou Kategorien opmecht, seet och, dat et derniewt déi aner, déi gutt Säit gëtt. "Made in Europe" stet fir "qualitéit", déi eng gutt aal Traditioun huet, fir eng "eierlech" Arbecht, fir Arbechtskonditiounen, déi nach sozial sinn. Eise Kapitalismus ass e manner brutalen wéi deen do iwwer am Wëllen amerikaneschen Westen.
An deem Zesummenhang gëtt och gären den Terme "Amerikaniséierung" gebraucht. Dat ass eppes, wat iwwerall lauert: am Iessen, wou mer forcéiert ginn, fëtteg Hamburgeren an eis eranzefachen. Beim Gedrënks, wou eis grouss Cuvéen vu mannerwärtegem Coca-Cola-Wäin iwerrannt ginn. Am Kino, wou mer viergeschriwe kréien, eis juste nach Hollywood-Sträifen ouni Niveau eranzezéien, an der Politik, wou integer europäesch Journaliste gezwonge ginn, méi iwwert dem Michele Obama seng Räck ewéi iwwert den politesche Contenu ze bradelen, an der Wirtschaft, wou eisen éierlech Entrepriisen näischt anescht iwwreg bleiwt, ewéi de Patron erauszehänken an sozialen Dumping ze maachen. Un all deem sinn iergendwéi d'Amerikaner an d'Schold.
Dat et hei genee ewei doiwwer drems geet, um ekonomesche Plang eng Plus-Value erauszeschloen, dat gët dacks vergiess. Esou Vereinfachunge sinn nämlech villméi praktesch, wéi sech fundamental Gedanken iwert de Fonctionnement vun eiser Gesellschaft ze maachen.
Natiirlech gëtt et Ënnerscheeder tëscht der europäescher an amerikanescher Politik - mee wier zum Beispill eng Nato mat europäescher Dominanz eng Militärallianz, déi sech moralesch besser behëlt? D'Europäer wielte sech vun den Amerikaner net méi soen loossen, wat se ze maachen hun, si wielten als gläichberechtegte Partner ugesi ginn, sou dem Jean-Claude Juncker säi Wonsch, an hien hofft, dat deen elo mam Obama éischter an Erfëllung geet.
Gläichberechtegte Partner, dat heescht ee Partner, deen déiselweschten Afloss huet. Dat heescht och, dat et hei ganz einfach em Muecht geet. An dee Message, deen do ëmmer matt transportéiert gett, ass den heiten: déi europäesch Muecht ass besser, méi human, manner brutal an och kulturell op engem méi héiche Niveau.
An der Praxis huet sech dat bis elo manner frappant bewisen. Historesch hält dee Klischee bekanntlech guer net zesummen. Mee och haut kann ee net soen, dat deen europäesche Wee net vun Haus aus ee fundamental aneren ass, wéi deen amerikaneschen. Beispiller dofir gett et genuch. Et kann een souguer d'Klimapolitik huelen: Zwar hun d'USA effectiv um internationale Plang villes bloquéiert, hei heem bei eis am alen oder neien Europa ass aawer och net vill geschidd - et gouf eng grouss Zereckhalung, an den eegene Länner - zum Beispill zu Lëtzebuerg - efficace Mesüren ze huelen.
Doduerch, dat een op anere erofkuckt, doduerch dat een un engem gesonden Anti-Amerikanismus festhält a sech oofgrenzt - doduerch baut een eng europäesch Identifikatioun op - an dat ass eppes, wou eis Politiker zanter Joeren dru bastelen. Et ass och eppes wichteges, wann een déi europäesch Muecht ausbaue wëll.
Wann ee wëll als déi gutt dostoen, da brauch ee Béiser. Esou gesinn, ass et interessant, wat elo geschidd, wann dee Béisen par excellence, dee, wou sech d'ganz Welt eens war, den George W. Bush net méi op der politescher Bühn mattspillt. Esou gesinn ass et op eng Manéier wierklech een neien Ufank an den Relatiounen tëscht der EU an den USA. Et ass aawer net vu sech aus ee Schrëtt an eng besser Welt.

Äre Commentaire