Sportler vum Joer 2011
RTL - 13.12.2011, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.12.2011, 13:53 | 5 Commentaire(n)

D'lescht Woch huet d'Sportspress d'Sportler vum Joer gewielt.
Andy Schleck, Mandy Minella an d'Football-Nationalequipe.
Dat kléngt logesch.
De Frank Kuffer kritiséiert a sengem Commentaire awer de Vote vun de Sportjournalisten.
Net d'Endresultat, wëll d'Laureaten hu jo effektiv eppes opweises mä dann awer WÉI verschidde Leit ofgestëmmt hunn.
Dee Vote kann een nämlech noliesen wat vläicht de Problem ass. Dofir sinn déi vill Kritiken, déi et op der Gala selwer an och duerno nach gouf duerchaus no ze vollzéien.
Ier een anere mer et virgehäit. JO ech sinn net de Sportsexpert, mä ech wier awer emol gespaant op wat déi sougenannt Experten, déi ofgestëmmt hunn, sech bei hirem Vote baséieren.
Et kann een effektiv driwwer streiden war elo de Frank dee Beschten oder den Andy, d'Leeschtung vum Dirk Bockel war och aussergewéinlech. Do ginn et also Diskussiounsméiglechkeeten. Mä wéi ass et méiglech, dass et Journaliste ginn, déi kee vun deene wielen ? Et deet mer leed mä dat ass net méiglech.
Ee SPORTjournalist, misst also méi kenne wéi ech, wielt op Nummer 1 : De Mario Mutsch, spillt zu Sion an der Schwäiz Football wann en net gespaart ass. Op Plaz 2 de Samy Picard, mir sinn houfreg op eise Lëtzebuerger Basketprofi mä ass et besser et spillt een puer Minutten zu Tréier wéi wann ee 4te beim Iron Man op Hawai gëtt oder zweeten, drëtten am Tour de France.
Dat ass ee ganz krasse Vote, dee mer direkt opgefall ass.
De Problem ass wahrscheinlech dass eis kleng Lëtzebuerger Sportwelt effektiv ze kleng ass.
Et kann een sech et net erlaben SENG Sportler net ze stëmmen. Dat heescht jidderee wielt emol déi Leit aus där Sportart, déi hie couvréiert. Et wëll ee jo och weider Interviewen an Informatioune kréien.
D'Sportler kënnen net fir de Vote an ënnert dem Stréch ass d'Resultat wéi gesot no ze vollzéien, de Vote am Detail ass awer net ze verstoen.
Äre Commentaire