Verschäerfte Konditiounen an der Chamber
RTL - 28.04.2009, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.05.2009, 16:11 | 0 Commentaire(n)

Haut virun enger Woch, esou géint halwer 4, Si se an d'Plénière komm an hu sech mat hire Pancarten nieft de Premier gestallt, ee lénks, ee riets, d'Jonge vu Greenpeace, Si stoungen do an hunn net bougéiert.
Bei de Mëss-Dénger hu mer dat „Blumme-Stäck" genannt.
De Coup vu Greenpeace ass natirlech méi wi opgaang... zëmol d'Seance selwer, ma och d'Diffusioun op Chamber-TV ënnerbrach gi sinn.
Am Ufank huet de Jean-Claude Juncker nach ganz relax reagéiert... au contraire zu enger DP-Deputéierter, déi gemengt huet, mussen ze bemierken, d'Demonstranten "géinge mol net ons Sprooch schwetzen".
Ma och dem Premier seng Coolness huet net laang gehal... A no senger bësseger Remarque un de Chamber-President, datt esou eppes senger Meenung no zu London, zu Bréissel, zu Paräis net méiglech ass, huet de Lucien Weiler stënterlech d'Police geruff a raume gelooss.
De Premier wor awer - dat sief bei allem Respekt virun Amt a Gesondheet festgehalen - zu kengem Ament méi a Gefor, wéi wann e soss ouni extra Protectioun uechter Stad a Land ënnerwee ass.
Ma wéi wann ee just drop gewaart hätt: deen Dag drop ass de Police-Contingent um Krautmaart substantiell erhéijt ginn... ass eng Tëschen-Dir gespaart ginn... ass d'Sécherheets-Personal zimlech nervös.
Den Accès zum Parlament ass alt nees e Stéck mi schwéier ginn... den Tuerm vun den Deputéierten alt nees e Stéck méi wäit ewech vun deenen, déi Se virginn ze représentéieren.
An och d'Relatioun mat deenen, déi de Lien maache sollen, mat der Presse, ass am Declin... eng permanent Entwécklung zanter dem Ausbau vum Parlament. Zanterhir hunn d'Deputéiert e separate Bar kritt, wou kee Journalist eppes ze sichen huet. Deen Ale vu virdrun, dee kéint ee grad esou gutt zoumaachen.
Di zwee Radioën um Rez-de-Chaussée hunn eng butzeg Televisioun an hirem Studio, op däer Se Chamber-TV gesinn a soss näischt. Uewen um Balkon verléiert sech ëmmer méi dacks just nach deen een oder deen anere Journalist vun der Press... fir Si ass et natiirlech méi einfach, an der Redaktioun ze bleiwen an d'Télé unzemaachen... ma da beemol da geet et wéi haut virun 8 Deeg... dann decrétéiert de Lucien Weiler ganz einfach „Se sollen d'Kameraën ewech huelen". Dann ass ee nämlech ganz ënnert sech an d'geet just dat duerch, wat geneem ass. Just als Rappel: d'Affaire vum truckéierte Chamber-Bliedchen ass graad ee Mount al.
Wa - wéi an der Lescht scho geschitt - méi Poliziste wéi Journalisten um Krautmaart sëtzen, dann ass dat e Skandal, un deem Sech di Responsabel aus der Chamber, ma och d'Parlamentarier selwer, offensichtlech net stéieren.

Äre Commentaire