Dönermorde
RTL - 19.01.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.01.2012, 08:33 | 42 Commentaire(n)

Am Juli d'lescht Joer – matzen an der grousser Vakanz – klaakt et onmoosseg. Zu Oslo bréngt den Anders Behring Breivik 8 Leit mat enger Bomm ëm an erschéisst duerno 69 Jugendlecher op enger Insel. An engem Manifest lueft de Breivik ënner aneren d’ADR als nationalistesch Anti-Immigratiouns-Partei. D’ADR distanzéiert sech séier an engem Communiqué.
De 4. November bréngen sech zu Eisenach zwee Bankraiber an enger Roulotte ëm. Herno stellt sech eraus, déi zwee Neonazien hate bannent 7 Joer queesch duerch ganz Däitschland 9 Männer südlänneschen Typs, wéi se déisäit soen, erschoss.
Am November gëtt zu Péiteng hefteg géint Auslänner an Asylante protestéiert. Den 8. Dezember fält op, datt Leit, déi näischt domat ze dinn hunn op engem rietsradikalen Facebook-Site als Friends stinn.
Den 13. Dezember erschéisst zu Florenz e Rietsradikalen mat engem 357er-Magnum-Revolver zwee senegalesesch Händler a blesséiert der dräi schwéier. Hien suicidéiert sech, wéi en drop an drun ass verhaft ze ginn.
D'EU-Kommissioun zitt dëser Deeg Ungarn déi finanziell Daumeschrauwen un, well d'Regierungspartei Partei d'Riichterwiesen, d'Protection des données an d'Onofhängegkeet vun der Zentralbank total ondemokratesch regele well.
A manner wéi honnert Deeg gëtt am Frankräich e neie President gewielt; den Ament steiert d'Marine LePen vum Front National an de Sondagen op 20% Wahlintentiounen zou. D'Beispiller - an ech vergiessen der - si weisen et: an Europa forméiert sech eng rietsradikal Tendenz, déi net nëmme méi fascho-folkloristesch tozt an chatt an demonstréiert mais qui passe à l’acte. Ëmmer garnéiert mat Manifester, mat Internetsitten wou sech mat Sieg Heil! gegréisst gëtt, mat Gewaltfantasien a mat Klabesgefuchtels.
An iwwerdeems den Tilo Sarazin Deutschland schafft sich ab geschriwwen huet, hunn d'Neonazien emol schonn ugefaang Auslänner ofzeschafen, manu militari. A jiddereen wosst et a kee Profiler ass op d'Iddi komm, dat Offensichtlecht – do ginn Auslänner ëmbruecht – ze benennen. An herno sinn se mer all esou schlau a maachen aus dem Wuert "Dönermorde" d'Unwort des Jahres.
Et gouf jo Leit, déi gewarnt hunn, d'Kris giff zu béise soziale Spannunge féieren. Wann ech esou eppes héieren hunn, war ech ëmmer skeptesch, wollt dat net gleewen. Haut mengen ech: déi Spannungen si schonn am Gang. An et ass d’ Angscht, déi se dreift, déi de sozialen Tissu kréckele léisst. Angscht virum Chômage, Angscht virun de Friemen, Angscht virun eppes Neiem, Angscht, datt och nach den dernier-arrivant Auslänner e Sou kritt an ech Stacklëtzebuerger net, Angscht, datt déi eenzeg Sprooch, déi ech iergendwéi kann, net méi duer geet fir meng Wurscht ze bestellen. Se gesinn esou staark aus, d'Jonge mat hire Klabessen a se maache fierchterlech Saachen dermat. Mä wien sech bewaffnet, ier en op d'Strooss geet, deen huet Angscht, wien mat engem Penis-Ersatz dorëmmer fuchtelt oder dorëmmer fiert, dat ass een, dee bäigepraffte Force néideg huet, well e näischt an der Panz huet. D'Angscht vum klenge Mann, deen ze kuerz kënnt an ze kuerz ass.
Angscht an Dommheet.
A well se esouvill Angscht hunn gëtt et der déi mengen, se kéinten dermat schaffen, zum Beispill probéieren se, Journalisten ze intimidéieren, wéi et den Ablack de Jean Nicolas a senge Beschass-Bliedercher versicht, deen och um Geriicht dem Lëtzebuerger Land e Presseprozess mécht.
An d'ADR dans tout ça?
Wann net alles täuscht ass déi am Gang ze implodéieren – déi bei hinnen, déi eng sozial Oder hunn oder méi liberal sinn, déi sinn am Clinch mat de fraefeindlechen, friemefeindlechen an obregkeetshörege Borschten.
Et wier awer schued, wann d'ADR ganz aus der Chamber verschwanne giff. Ech gesinn an héiere léiwer däitlech an am hellen Dag dat, vun deem ech weess, datt et och an dëser Gesellschaft am Däischtere bruckt.

Äre Commentaire