Index an Deputéiert
RTL - 31.01.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.01.2012, 15:01 | 33 Commentaire(n)

Näischt do dergéint. Et ass richteg dass d'Politik decidéiert wann d'Tripartite, de Sozialdialog näischt bréngt.
Et ass nach méi richteg, dass d'Politik decidéiert wann d'Gewerkschaften einfach verbruet net op de Verhandlungsdësch ginn an eréischt duerno déck Bake maachen. D'Fro stellt sech wéi vill Leit sech do nach richteg vun OGBL, LCGB a CGFP vertruede fillen a wéi vill Memberen hir Kaart ofginn hunn oder dat nach maachen.
Richteg ass menger Meenung no, och dat WAT d'Politik decidéiert huet, den Index also net ofzeschafen, mä mol 3 Joer of ze bremsen.
Dat bréngt de Patrone jo finanziell ganz vill. Un hinnen elo ze weise, wat ee mat deene Suen, déi een an de Lounkäschte spuert alles maache kann. Also weise gëllt: wann dir, Patronen, an den nächsten 3 Joer weist, dass den Index alleng eng Kompetitivitéitsbrems ass, dass mer mat engem moduléierten, reduzéierten, gedeckelten Index Plazen erhalen an neier schafen, dann hu der déi bescht Trëmp an der Hand wann der dann op d'Tripartite gitt, natierlech virausgesat är Sozialpartner hunn sech bis dohinner net selwer ofgeschaf a kommen och un de Verhandlungsdësch.
Sou an dann awer zu iech léif Politiker. Dir hutt also alles richteg gemeet? Jo, fannen ech, mä wien huet alles richteg gemeet a wien huet iwwerhaapt eng Ahnung wat e gemeet huet, dat ass d'Fro an d'Äntwert mécht mech dach rosen.
Mir sinn higaangen an hunn op deem esou wichtegen Dag enger ganzer Partie Deputéierten ier se an d'Chamber gaange sinn, eng Fro iwwert d'Gesetz gestallt wat si deen Dag gestëmmt hunn. Et war déi Fro, déi fir déi ganz Diskussioun a Sträit am Virfeld gesuergt huet, nämlech wat dat heescht wann 2014 am Oktober den Inflatiounscompteur op Null gesat gëtt ?
Hei déi zum Deel penibel Äntwerten op dës Fro, mat där ee gemengt hat et hätt all Deputéiert sech domatter beschäftegt, fir wierklech mat guddem Wëssen a Gewëssen ofzestëmmen: Do kann ech Iech elo keng Äntwert drop ginn, sot eng Deputéiert.
Een aneren, ee Gewerkschaftler, zitt sech propper eraus: Ech wollt virun där memorabler Sëtzung keng Stellung huelen. A Bon.
Ech kann iech keng Äntwert ginn. Ech si mer selwer net ganz sécher wéi eng Konsequenzen dat kann hunn, esou eng aner Stëmm.
Op wéi engem Niveau fänkt et 2014 un hu mer bei engem nogefrot. Dat gesi mer esou déi präzis Äntwert. De Compteur gëtt net op Null gesat, sot nach een anere Volleksvertrieder.
Dat sinn dann awer wuel Interpretatiounsdivergenzen, wëll et steet esou am Commentaire vun den Artikele vum Gesetz, mä egal. Aen zou a stëmmen, esou wéi d'Cheffen, also d'Ministeren eis et gesot hunn. Ech stelle wéi gesot net a Fro, dass dat richteg war, wat der do gestëmmt hutt, dir Dammen an Häre Volleksvertrieder, mä dass der einfach egal wat stëmmt wat iech virgeluecht gëtt, ouni iech Gedanken ze maachen, dat mécht mer dann awer Suergen.
Et gi ganz sécher Gesetzer, wou et duer geet mam Kapp ze wénken, wou een net muss bis an de leschten techneschen Detail Bescheed wëssen, mä dat hei ass net onbedéngt gutt fir d'Vertraue vum Vollek an d'Chamber ze stäerken.
Mä mat de Lëtzebuerger kann een dat jo maachen, déi mierken et net, wëll wann et stëmmt wat d'Handelsblatt geschriwwen huet, da sot de Jean-Claude Juncker hinnen: Lëtzebuerg bezillt pro Kapp méi an de Rettungsfong wéi Däitschland, esouwäit ass déi Ausso nach OK mä da kënnt et. Ech si frou, dass d'Lëtzebuerger dat nach net gemierkt hunn.
Här Juncker wéi soll dann een dat hei mierken ? Et gëtt jo och keng Oppositioun, déi esou eppes géif a Fro stellen. Fir Froen ze stellen ass de 4te Pouvoir am Land do, also d'Press. An dat ass heimatter gemeet.

Äre Commentaire