Krisesteier
RTL - 08.02.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2012, 08:08 | 9 Commentaire(n)

Et muss ee wëssen, datt d'Regierung scho fir Enn Mäerz hiren neie Stabilitéitspakt muss op Bréissel geschéckt hunn; da gi mer an d'Ouschtervakanz an zimlech sécher hält de Premier säin Etat de la nation den 8. Mee. Bis dohinner muss alles stoen. Mat alles ass gemengt, e Staatsbudget, dee wa méiglech am Equiliber ass.
D'Häre Luc Frieden a Lucien Lux – déi sech kuerz virdrun an der politescher Sandkaul gestridden haten- souzen en Dënschdeg de Mëtte brav zesummen, fir iwwer déi weider Orientatioun vun der Politik ze schwätzen. Et ass ze ënnersträichen: et gouf geschwat, nach näischt decidéiert, ma d'Wahrscheinlechkeet ass zu dësem Ablack grouss, datt dat anert Joer en al Bekannten zeréck kënnt, nämlech d'Krisesteier vun 0,8 Prozent. Ausgeholl bleift de Mindestloun.
Aner Spuermoossname ginn och gehandelt, kritt en awer zu dësem Ablack vu kenger Säit confirméiert. Dat mat der Krisesteier ass u sech alles domm gaangen: si gouf zum falschen Ablack ofgeschafen, a gëtt méiglecherweis zum falschen Abléck erëm agefouert. Ofgeschafe gouf se am Kader vun de Verhandlungen iwwer den Accord salarial mat der CGFP; deen Accord ass gekoppelt un d'Reform vum Statut an der Fonction Publique. Ugeholl, de Minister Biltgen kritt sech duerchgesat, da kéint et sinn, datt den Accord salarial géint d'Enn vum Joer a Kraaft trëtt; an da kéint et och sinn, datt béis Zonge behaapten, d'Krisesteier gouf nees agefouert, fir sech dësen Accord iwwerhaapt kënnen ze leeschten.
Ma wéi gesot, decidéiert ass näischt, awer d'Gespréicher lafen.

Äre Commentaire