De Luc Frieden an d'LSAP
RTL - 09.02.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2012, 18:55 | 18 Commentaire(n)

De Finanzminister huet sech de Moment gutt erausgesicht, fir samschdes op der Journée des ingénieurs Iwwerleeungen ze maachen iwwer eng mëttel- bis laangfristeg Politik; hien huet geschwat virun engem Public, dee gutt erausgesicht war a wou hie sech konnt sécher sinn, an d'Hänn geklappt ze kréien. De Luc Frieden ass och intelligent genuch, mat enger gepefferter Reaktioun vum sozialistesche Koalitiounspartner ze rechnen, an där hire Fraktiounschef war och deementspriechend op Zack an huet direkt nom Weekend reagéiert. Tëscht deem Gestreits, dat schonn 48 Stonnen drop bäigeluecht war, sollt een interpretéieren.
De Finanzminister, deem seng Hoffnungen -enges Daags Staatsminister ze ginn- ëmmer nach grouss sinn, wollt ënnersträichen, datt eng Tripartite, déi ouni Zweiwel hir Merite hat an der Stolkris, net méi onbedéngt dat richtegt Instrument ass, fir méi modern an nach méi brutal Krisen. Hie gouf och ze bedenken, datt d'Kompositioun vun den Delegatiounen net méi der Zäit entsprécht: net genuch Fraen um Dësch, a virun allem, net genuch Auslänner. Ass dat falsch? Wat soll eng Tripartite, wann net och eng portugisesch Delegatioun iwwer d'Problemer vun hire Leit ka mat schwätzen a wa méiglech och Propositioune mécht. De Luc Frieden wollt d'Tripartite net direkt iwwer de Koup geheien, ma en Ustouss ginn, fir et an e puer Joer aneschters ze maachen...villäicht dann, wann hie sollt als Premier gekréint sinn?! Do ass eigentlech guer näischt drun auszesetzen!
Méi kriddleg ass de Saz, et sollt een an e puer Joer nach emol kucken, wou de Lëtzebuerger Mindestloun an engem internationale Verglach läit.
Dat ass kloer Provokatioun un d'Adress vun der LSAP, besonnesch un d'Adress vun engem Lucien Lux, wou ee weess, datt déi zwee Männer net grad dee beschten Drot zu enaner hunn. Et weess een haut – an domatter weess een et och an e puer Joer, ouni gréisser Etudë mussen ze maachen, datt de SMIC made in Luxembourg héich ass; natierlech kann ee sech ëmmer froen, ob deen net ze héich ass, wat awer ganz kloer als Attack op de Sozialstaat däerf interpretéiert ginn, an do maachen d'Sozialiste jo, ewéi wa si dee fir sech gepacht hätten. Hire Fraktiounschef sot am RTL-Interview, ëmmerhinn wären et sozialistesch Minister, déi den Ament gliddegt Eise missten upaken; domatter mengt hien den Nicolas Schmit, mat ëmmer méi Chômeuren am Land an och mat ëmmer méi Immigratiounsproblemer; hie mengt den Etienne Schneider, dee sech elo mol selwer muss beweisen an dann d'Economie muss kompetitiv maachen; deen anere Kandidat an der Rei ass de Sozialminister di Bartolomeo, deen d'Pensiounsreform muss evakuéiert kréien an esou niewebäi d'Antifëmmgesetz preparéiert, wou d'Horesca am gaangen ass, eng Géigenoffensiv ze lancéieren; an zu gudder Lescht, Educatiounsministerin, déi et jo och net grad einfach huet.
Déi Rout hunn tatsächlech de schwaarze Péiter gezunn am Krisemanagement, mä dat ass nun emol esou, wann een sech de Sozialstaat grouss op de Fändel geschriwwen huet.
Ënner dem Stréch bleift deenen zwou Parteien näischt aneschters iwwereg, ewéi sech un de Wielerwëllen ze erënneren an ze schaffen, datt d'Schwaacht kraacht.

Äre Commentaire