Syrien
RTL - 14.02.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.02.2012, 07:27 | 6 Commentaire(n)

Et wär schéi gewiescht, wann ee sech am Commentaire op Vältesdag mat engem Sujet wéi der Léift hätt kënne befaassen! Dass de Moment awer a Syrien massiv gestuerwe gëtt, reegt den Eric Ewald sou op, dass et him - leider - net dono ass, fir iwwer Léift ze schwätzen:
Léift ass eppes, wat de Baschar Hafiz el Assad, Joergank 1965, doheem net mam Schaumläffel schéngt kritt ze hunn! Spéitstens zanter dem Mäerz zejoert ass dat kloer wéi Boulettenzopp, well de Mann, vu Beruff Aendokter, am richtege Liewe vun 2000 u Staatschef, zanterhier seng Landsleit, déi no Fräiheet striewen, ëmbrénge léisst.
Am Ufank gëtt de Baschar el Assad als Reformer betruecht, well hien 2001 méi Meenungsfräiheet zouléisst; d’Joer drop rudert hien awer zréck, well ze vill séier demokratesch Reforme gefuerdert ginn.
Den 31. Januar zejoert seet de Baschar el Assad, déi Leit, déi an arabesche Länner un der Muecht sinn, missten ëmdenken a méi Fräiheet zouloossen. Dat musse seng Landsleit fierchterlech mëssverstanen hunn! Dobäi hat de Staatschef och nach gemengt, seng Regierung wär géintiwwer vollen demokratesche Rechter fir d’Vollek reservéiert an et wär onwahrscheinlech, dass d’Arabescht Fréijoer op Syrien iwwergräife géif, well d’Verhältnisser do anerer wären.
Grouss Deeler vum Vollek - ëmmerhin 21 Millioune Leit - sinn awer do komplett anerer Meenung, protestéiere vu Mäerz u géint hire President a ginn dowéinst ë.a. an der Stad Homs, der Héichbuerg vun der Kritik um el Assad-Regime, massakréiert. D’UNO-Héichkommissärin fir Mënscherechter schwätzt dovun, dass d’Land um Bord vun engem Biergerkrich ass, ma trotz 6.300 doudegen Ziviliste blockéiere Russland a China, zwee aner zudéifst an der Demokratie verankert Länner, am UNO-Sécherheetsrot eng Syrien-Resolutioun.
Wann ee Biller aus Homs an aus de Faubourge vun Damaskus gesäit, da seet ee sech, dass d’Massaker kuerz- bis mëttelfristeg en Enn kéint fannen, well d’Roserei vun de Syrer, déi hir Doudeg begruewen, nach méi grouss ass wéi hir Trauer, an dass de Baschar el Assad vläicht geschwë genee sou eng Klamer vun der Geschicht kéint si wéi virun him z.B. de Muammar el Gaddafi. D’Fro ass just, ob d’Syrer an der Lag sinn, hire President zesumme mat de Leit vun der Arméi, déi desertéiert sinn, ze stierzen.
Wat mécht de Rescht vun der Welt an där Zäit? D’Arabesch Liga weist, wéi scho sou dacks, dass se just e Poterclub ass. D’UNO, u sech dat gutt Gewësse vun der Welt, gëtt vu Moskau a Peking torpedéiert. D’EU fir hiren Deel hëlt Sanktiounen, mä méi geschitt nach net. Woubäi méi ze maache sécherlech och schwéier ass, well eng militäresch Interventioun illusoresch ass, Waffeliwwerungen un d’Oppositioun zwar am Raum stinn, mä och keng Majoritéit schéngen ze hunn, soudass um Enn just eng humanitär Aktioun, ë.a. vum Noper Tiirkei, an d’A gefaasst gëtt.
A Lëtzebuerg an all deem? Nun, dass mir d’Kris op en Enn brénge kënnen, ass net dran. Viru 5 Deeg hätt sech dem Ausseminister awer eng gutt Méiglechkeet gebueden, engem Haaptacteur am Konflikt, China, op d’mannst e bëssen an d’Gewëssen ze rieden. Dunn hat de Jean Asselborn nämlech de chinesesche Vize-Ausseminister op Besuch.
Dobäi goufen, sou den offizielle Communiqué, déi excellent Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a China ervirgehuewen. Iwwer Syrien selwer steet keng Zeil dran: Dat Thema war sécherlech vergiess ginn! A moins dass sech ënner «divers grands dossiers de l’actualité politique internationale» eng ugereechten a vläicht souguer hëtzeg Debatt mam léiwe Gaascht aus China verstoppt! Mä wann dat eng hallef Zeil an engem Schreiwes vu 60 Zeilen duerstellt, da wäert wuel net méi wéi 25,3 Sekonnen driwwer Rieds gaange sinn. An där Zäit sinn zu Homs bestëmmt e puer Leit gestuerwen!

Äre Commentaire