Europa changéiert

RTL - 23.02.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2012, 17:26 | 12 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser

 In alter Feindschaft“, war där Deeg en Artikel an der däitscher Financial Times iwwerschriwwen. Et goung ëm déi nei Relatiounen ënner den europäesche Memberlänner. Dozou de Commentaire vum Guy Kaiser.

 

 

A Krisenzäite verännert sech d'Gesellschaft. Dat ass scho längst am Gaang an der europäescher Unioun.

D'Griichen bleiwen op hiren Äppel a Bananne sëtzen, respektiv mam europäesche Rettungspak ass et dat deierst Uebst, dat jeemools gehandelt gouf.

D'Spuenier sinn och am Gaang ewech ze fueren, ewéi Kluckendreck, wéi fréier gesot gouf; och bei hinne muss kräfteg gespuert ginn.

An deenen zwee Länner huet sech d'Sprooch komplett verännert. Wa mir viru Joer de Kapp gerëselt hunn, wann hysteresch Leit am Noen Osten den israeleschen oder amerikanesche Fändel verbrannt hunn, am Beschten nach d'stréie Popp derbäi vum George Bush, esou hu mir elo mussen entsat feststellen, datt d'Griichen dat nämmlecht gemaach hunn mam däitsche Fändel. Déi eng Zeitung huet sech absolut net genéiert, de Schäuble ze interpretéieren, ewéi wann Berlin Athen wéilt an d'Gaskummer schécken; niewendrun d'Bild vun der Angela Merkel an der Naziuniform. Eng aner Zeitung koum mam Titel: Finanznazitum, de gräisslechen Teuton, fläisseg, ma och ganz schéin arrogant, deen ëmmer alles wéilt besser wëssen. Dat krut also séier eng ganz eekleg Tournure.

D'Spuenier hunn den Ament mat sech selwer ze dinn, protestéieren also net géint Bréissel, ma géint Madrid, a wéi! Honnertdausende waren de leschte Weekend a verschiddene Stied op de Stroossen. Eng Partie Demonstranten hunn de Frust un der Police ausgelooss, eng Partie Uniforméierten hu mam Knëppel dra gefacht, wéi een et an enger Demokratie net méi gewinnt ass, och op Fraen a jonk Meedercher. Mat esou Biller um Schlappekino seet een sech: den Noen Oste steet vrun der Dir! An et ass eréischt den Ufank. Huerteg leet een e Stéck Holz an Cheminee, well et gëtt engem kal ëm d'Häerz.

Den CDU-Europadeputéierten Elmar Brok huet mat Recht drop higewisen, datt e Bestietnis kann zu Gronn goen duerch een eenzege Saz; a grad esou kriddeleg wier d'Situatioun den Ament tëscht de Länner. Däitscher hunn den Ament keng Loscht, Vakanz op enger griichescher Insel ze maachen, déi spuenesch Sangria ass nëmmen esou laang sëffeg, wéi d'Spuenier selwer eis keen décke Kapp maachen. A wou gi mir dann an d'Vakanz?

D'Sprooch an d'Denken huet sech iwwregens och scho bei eis ganz schéi geännert. Huele mer d'Arcelor: si gouf indesch. Mir waren deemools entsat a vill Lëtzebuerger Zeitungen hunn den Dag no den Diskussiounen an der Chamber getittelt: it's no, Mister Mittal! Et wollt keen deen Inder, ma et huet een sech un dee Mann gewinnt, bis am Gespréich war, datt eng Partie Stolsitten, och zu Lëtzebuerg, wahrscheinlech wäerte mussen zougemaach ginn. Do koum nees d'Diskussioun op, mir géingen eise Sonndesparzeläin an d'Ausland verschierbelen; dat war och esou am Fall vu Villeroy et Boch an dat ass den Ament esou ronderëm Cargolux an KBL. Wat solle mer da mat deene Qatari, stellt sech d'Vollek d'Fro? Musse mer elo Qataresch léieren? Gëtt Lëtzebuerg ieren wahabitesch-islamesch orientéiert? De Finanzminister Luc Frieden kritt un d'Häerz geluecht, bëssi manner dacks an dee Wüstestaat ze reesen.

Esou laang d'Geschäft eenegermoosse leeft, behale mer d'Fauscht an der Täsch. Mä, garelabox et geet eppes schif mam Flieger- oder mam Bankgeschäft!

Da wäerte mer séier do sinn, fir drop hinzeweisen, datt ënnert eis Lëtzebuerger esou eppes net virkomm wier. Wann et awer klappt mat all deenen Inder, Chineesen, Russen, da bleift erhalen, den Index made in Luxembourg.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!