Stoltripartite, schlechten Tripp
RTL - 29.03.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.04.2012, 08:32 | 4 Commentaire(n)

An et huet een et de Gesiichter gëscht ofgesinn: de Minister Etienne Schneider e bëssen ze, wéi soen se déisäit, ze aufgekratzt, e bëssen ze gutt gelaunt, fir een, deen déif an de Portemonni gräife muss, gutt Minn, béist Spill. D’Gewerkschafter, déi hu carrément Schnësser geschnidden, a si wësse firwat, beim Begriefnis vun 2 Schmelzen hu si eben näischt ze laachen, do kuckt ee bedrëpst. D’ArcelorMittal-Leit, déi hunn ausgesinn wéi se ëmmer ausgesinn, Business as usual, Businesspeople as usual.
D’Situatioun ass fir ArcelorMittal extrem komfortabel. Se kënne maache, wat se wëllen, Profit maachen oder net, investéieren oder net, Betriber zoumaachen oder net, ganz egal. Wann et eppes Negatives ze melle gëtt, da gräife staatlech Instrumenter, wéi de Fonds de l’emploi, Préretraiten, cellules de reclassement an dees méi, a wann et gutt leeft – wéi bei de Palplanchen – jo da leeft et ebe gutt. A wann et muss sinn, da gëtt e bësse flou sidérurgique. Huelt dat wat ArcelorMittal gëscht versprach huet: 150 bis 200 Milliounen sollen a Modernisatioun gestach ginn, wéi?, wou?, wat?, wéini? Detailer gouf et gëscht keng, wéi et schéngt sti se am Lux2016, deen Accord ass en attendant geheim. An da sollen 200 Milliounen investéiert ginn – do muss ee sech pëtzen fir et ze gleewen – net direkt an d’Strooss 2 zu Belval, mee an eng Etude, a Pabeier also, an eng étude de faisabilité, Machbarkeitsstudie. A wat soll studéiert ginn? Ob e Produit, deen esouwisou gutt leeft, d’Palplanchen, déi stole Spundbohlen, wéi se déisäit soen, wéi déi e nach bessere Finissage, nach besser Marchéen kënne kréien – a wéi ee se méi breet maache kann. Well et et wier gutt, wann d’Palplanche méi breet kéinte gemaach ginn, d’Clientën hätten dat gär. An et ass och bekannt, datt ArcelorMittal Lëtzebuerg ronn 300 Euro Milliounen direkt an d’Strooss 2 investéiere wollt, fir se eben där Demande unzepassen. A wat sote se gëscht ? Faisabilitéits-étude, sot den Etienne Schneider. A wéi deeselwechte Minister gesot huet, ArcelorMittal giff (200 plus 200 mécht:) 400 Milliounen investéieren, dunn hat de Michel Würth ferme den Hick kritt an huet erféiert gekuckt. Dat huet just kee Journalist gesinn, well de Michel Würth e bëssen hannerwands um Dësch sutz. De Lëtzebuerger Manager hat den Hick kritt, well d’Decisiounen eben net am Wirtschaftsministère, net um Rousegärtchen a net um Boulevard d’ Avranches geholl ginn, mee anzwousch zu London, an den Arcanen vun der Famill Mittal. Well soen: déi intern Diskussiouns-Prozesser sinn an deem Konzern laang a komplizéiert a kee weess, wat de Lakshmi herno decidéiert. Do kënnen d’Lëtzebuerger sech op de Kapp stellen oder net, an et ass egal ob déi Lëtzebuerger Würth, Schneider, Krecké oder Juncker heeschen. Iergendeppes geschitt anzwousch an deem Konzern an nach weess keen, wou a wat – dat ass d’Realitéit, an déi follegt strict der Rentabilitéit an der Konjunktur. An d’Lëtzebuerger hunn ernéierens méi e Fouss op der Brems oder um Gas.
Just eppes ass kloer. Rodange a Schëffleng sinn – wéi sote se gëscht – eingemottet. An de Michel Würth sot och nach, dat wier zimlech irreversibel. Zimlech irreversibel dat ass eppes wéi e bësse schwanger, e Non-sense, fir net d’Wouerecht brauchen ze soen, en Euphemismus.
De Gewerkschaften geet et wéi der Regierung – si sinn frou, datt se iergendwéi Rou am Buttek behalen, datt hir Memberen et net ze vill am Portmonni spieren – genee deeselwechten Text gëllt hei fir d’Regierung an hir Wieler.
Hale mer also fest: d’Allgemengheet bezilt, fir d’Illusioun vun enger Stolindustrie am Land ze erhalen.
A Pabeier ass gedëlleg, den Tripartite-Stol-Accord ass gedëlleg, ass nëmmen dat wäert, wat de Marché weist. De globale Marché, giff de Michel Würth soen, net dee vun eise léiwe Schmelzen.


Äre Commentaire