D'Piraten

RTL - 12.04.2012, 12:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.04.2012, 15:19 | 39 Commentaire(n)

Auteur: Frank Kuffer

E Samschdeg ginn et honnert Joer, dass d'Titanic ënnergaangen ass.
Do ware keng Pirate mä een Äisbierg an d'Schold.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Piraten dës Woch ugegraff ginn, Frank Kuffer

An zwar vun der Politik an der Justiz, äiskal wéi een Äisbierg.

Et geet jo bekanntlech ëm d'Passwuert wat am Medico Sportif ….jo wat elo? geklaut, gekuckt, geknipst, stibitzt, erbléckst, ofgeschriwwe gouf.

Vun Ufank un huet d'Politik sech net a Fro gestallt. Hei huet een eppes illegales gemeet an dofir gëtt elo mat Kanounen op Spatze geschoss.

Dee Schëllege muss fonnt an ëffentlech un de Pranger gestallt gi fir dass ni méi een sech traut esou eppes ze maachen, also de Staat blouss ze stellen.

Natierlech ass et net an der Rei ee Passwuert vun engem aneren ze kopéieren an ze benotze mä an dësem Fall huet de Schëllegen: Éischtens kengem geschuet, zweetens direkt emol déi offiziell Plazen informéiert an drëttens eréischt wéi keng Reaktioun vun offizieller Säit koum ass d'Press informéiert ginn.

Et sollt ee schonn deem Schëllegen ee béise Fanger maache mä mat 5 Polizisten eng Perquisitioun, de Risk wéinst Vol viru Geriicht ze kommen........do erënnert een sech un Affaire ganz laang hir wou d'Police net esou enquêtéiert huet wéi an dësem Fall. Mä hei geet et ëm d'Éier........vum Staat an dee wëll éierbar bleiwen.

Kee Wuert huet ee bis elo héiere wat dann elo mat deem Beamte geschitt ass, dee säi Passwuert net geschützt huet an et einfach op den Ecran oder wou och ëmmer gepecht huet.

Kee Wuert wat sech dann elo an der Prozedur geännert huet fir dass esou eppes net méi virkënnt.

Pirate si béiser an déi musse bestrooft ginn.........also wann de Chefpirat dann eppes domatter ze dinn huet, wat jo nach net bewisen ass.

An Däitschland ass d'Piratepartei elo hannert CDU/CSU an der SPD déi drëttstäerkste Partei, bei eis waarden se ongedëlleg op d'Wahlen an zwee Joer mä wann et esou weider geet brauchen se sech keng Gedanken ze maachen : Hire Wahlkampf leeft a gëtt gemanaged vun der Regierung.

Wann CSV an LSAP d'Rudder net séier erëm selwer an d'Hand huelen an sech op dat Wichtegt konzentréieren da gëtt d'Schëff Lëtzebuerg gekapert, ënnert anerem vu Piraten.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!